Wéi ass d’Situatioun bei der Verschëldung vun eise Gemengen?

Wéi eng Gemenge sinn an enger kritescher oder schwiereger finanzieller Situatioun? Wéi gestalt sech d’Pro-Kapp-Verschëldung? De Fred Keup huet nogefrot.

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Am Kader vun engem responsabelen Ëmgank mat de Staatsfinanzen ass et noutwenneg, och déi finanziell Situatioun vun de Gemengen ze kennen an am A ze behalen. An deem Kontext wär et wichteg ze wëssen, wéi héich d’Gemengen am Joer 2023 verschëlt waren a wéi sech d’Pro-Kapp-Verschëldung vun den eenzele Gemenge gestalt.

Am deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Kann d’Regierung an enger Tabell – an opgeschlësselt no all eenzel Gemeng – oplëschten, wéi héich d’Schold vun deene jeeweilege Gemengen am Joer 2023 war?
  2. Kann d’Regierung an enger Tabell – an opgeschlësselt no all eenzel Gemeng – oplëschten, wéi héich d’Pro-Kapp-Verschëldung vun deene jeeweilege Gemengen am Joer 2023 war?
  3. Am Hibléck op d’Pro-Kapp-Verschëldung vun de Gemengen: Vu wéi engem Seuil u gesäit d’Regierung eng kritesch oder schwiereg finanziell Lag fir d’Gemeng?
  4. Wéi eng Gemenge befannen sech aktuell an enger kritescher oder schwiereger finanzieller Situatioun?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup

Deel dëse Post: