Wat sollen déi däitsch Grenzkontrollen?

Et ass total anormal, datt Däitschland esou streng seng Grenze mat Lëtzebuerg kontrolléiert. Scho bal kokass: Schengen, dat Duerf, dat de Verträg, déi eng fräi Mobilitéit an Europa garantéieren, säin Numm ginn huet, läit an deem Kontrollberäich. Duerfir huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt fir méi iwwert d’rechtlech Rumm vun dëse Kontrolle gewuer ze ginn. D’ADR ass net prinzipiell géint Grenzkontrollen, wann et iwwert Kriminalitéit an illegal Immigratioun geet. Awer d’ADR ass dergéint, datt vun engem EU-Land unilateral an ouni Ofsprooch an ouni iwwerzeegend Grënn quasi willkürlech Moossname geholl ginn, déi schwéier Auswierkungen op en anert EU-Land (hei Lëtzebuerg) hunn. Dat ass net dat Europa, dat mir eis virstellen.

Deel dëse Post: