Viru kuerzem gouf de sougenannte RENLA, den nationale Regëster fir Soziaalt Wunne lancéiert. Mee wat sinn eigentlech d’Krittäre, fir an deem Kader eng Wunneng zougewisen ze kréien? De Fred an d’Lexy Schoos froen no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeleeden.
Iwwert d’Krittäre fir sech am Kader vum RENLA eng bezuelbar Wunneng zoudeelen ze loossen, liest een op Logement.lu ënner anerem dat hei: “L’ordre de priorité d’un candidat-locataire est déterminé suivant les critères d’attribution socio-économiques, les critères relatifs au logement vacant et ceux évalués sur base d’une enquête sociale. A cet ordre de priorité peut s’ajouter la méthodologie d’attribution d’un bailleur social retenant des critères supplémentaires. En fonction de l’objet social d’une association, des critères spécifiques retenus par une commune ou du champ d’action d’un office social, le bailleur social peut retenir des critères supplémentaires dans le règlement d’ordre intérieur (ROI) de sa commission consultative et attribuer les logements en fonction de ces critères”.
An deem Zesummenhang géife mir dem Här Logementsminister gär dës Froe stellen:
- Wat sinn déi sozio-ekonomesch Krittären, déi mat iwwert d’Reiefolleg op der Waardelëscht vum RENLA decidéieren? Wéi eng Krittäre gi bäi där genannter sozialer Enquête erhuewen a wéi gëtt op Basis vun all deenen Donnéeën déi genee Placéierung berechent? Gëtt et dozou eng Matrix an e Punktesystem? Kann den Här Minister deen transparent erklären?
- Kënnen d’Kandidaten op der Waardelëscht Asiicht froen, wéi eng vun deene Krittären dozou gefouert hunn, datt si keng Wunneng zougedeelt kruten? Falls net, firwat net?
- Kënne besonnesch d’Gemengen an deem Kader Leit prioriséieren, déi scho ganz laang an hirer Gemeng wunnen oder schaffen? Falls net, firwat net?