Wéi steet d’Regierung zum “Comité pour une paix juste”?

Eng onkamoud parlamentaresch Fro ass eng éischt Reaktioun vum Fernand Kartheiser op de “Comité pour une paix juste au Proche-Orient”. Dës Organisatioun huet den ADR-Deputéierten op d’Geriicht geholl, wéinst Aussoen, déi hien un der Chambers-Tribün gemaach huet. Dem Fernand Kartheiser seng Fro gräift Theme vu senger deemoleger Ried op a freet d’Regierung Stellung ze huelen – et geet ëm d’Justifizéiere vu Gewalt géint israelesch Zaldoten, déi de Comité a senger Charta stoen huet, an ëm d’eesäiteg an onkomplett Vue vun dëser ONG, déi och Konferenzen hält oder organiséiert an a Lëtzebuerger Schoulen optrëtt. An et geet ëm hir Finanzéierung, well si jo Sue vun der Lëtzebuerger Regierung kritt.

Deel dëse Post: