Wat kaschten d’Russland-Sanktiounen Lëtzebuerg?

D’Russland-Sanktiounen, déi zënter Juli 2014 wéinst dem Ukraine-Konflikt a Kraaft sinn, hu sëcher en Impakt op d’Lëtzebuerger Wirtschaft. D’Stëmme gi jo méi haart, déi verlaangen, mat dëse Sanktiounen opzehalen, och well Russland e wichtege Partner am Kampf géint den Terror-Kalifat vun der IS ass. An der Chamber huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser schonn eng Motioun abruecht, wou hie sech staark mécht fir eng séier Normaliséierung vun de Bezéiunge mat Russland. Elo presentéiert de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro fir d’Konsequenzen vun den EU-Sanktiounen op d’Lëtzebuerger Wirtschaft an op eis Relatiounen mat Russland ze ënnersichen.

Deel dëse Post: