Wat kaschte 6000 Artillerie-Granaten de Lëtzebuerger Staat?

Lëtzebuerg liwwert 6000 Artillerie-Granaten un d’Ukrain. Iwwert de Käschtepunkt gëtt näischt gesoot. De Fernand Kartheiser freet no!

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

An der Press wor ze liesen, datt Lëtzebuerg 6.000 Artillerie-Granate vum Kaliber 155 un d’Ukrain geliwwert huet. De Käschtepunkt vun dëser Munitioun  gouf dobäi net genannt.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Wéi vill huet de Kaf an d‘Liwwerung vu 6000 Artillerie-Granaten de Lëtzebuerger Staat kascht?
  2. Wéi eng Keef vu Waffen a Munitioun fir d’Ukrain si fir dëst Joer nach geplangt a fir wéi e Käschtepunkt?

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser, Deputéierten

Deel dëse Post: