Wat kascht d’Ofschafe vum 500-Euro Schäin?

De 500-Euro Schäin gëtt ofgeschaft. Lëtzebuerg huet besonnesch vill därer Schäiner am Ëmlaf. Anscheinend soll déi Operatioun awer näischt kaschten, well einfach keng nei Schäiner gedréckt an déi al net ersat ginn. Esou wäit d’Äntwert op Froe vum Gast Gibéryen.

An enger zweeter separater Fro geet ëm déi noutwenneg Erhéijung vum Kapital vun der Lëtzebuerger Zentralbank.

Deel dëse Post: