Wat geschitt mat en 1 an 2 Cent Mënzen?

De belsche Ministerrot huet en Arrêté geholl, deen de Geschäftsleit et zur Obligatioun mécht, am Fall wou boer bezuelt gëtt, d‘Endofrechnunge mussen op 5 Euro-Cent op- oder ofzeronnen. Dës Obligatioun gëllt vum 1. Dezember 2019 un. Den Zweck vun dësem Arrêté ass et, déi kléng Mënzen vun 1 an 2 Euro-Cent aus der Zirkulatioun ze huelen. An deem Kontext freet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, wéi eng Positioun d‘Lëtzebuerger Regierung zur Thematik vun den 1 an 2 Cent-Mënzen huet.

Deel dëse Post: