Wat geschitt mat der Entwécklungshëllef fir Palästina?

Ëmmer nees geréit d’Entwécklungshëllef fir déi palästinensesch Gebidder an d’Kritik. Rezent ass den dréngende Verdacht opkomm, datt Hëllefsgelder entweder direkt oder indirekt, iwwer e Fong, dozou benotzt gi fir Terroristen an hire Famillje Suen auszebezuelen. Och am Zesummenhank vum Tunnellbau an der Gaza-Sträif goufen et däitlech Hiweiser, datt wahrscheinlech Suen aus der Entwécklungshëllef fir terroristesch Zwecker mëssbraucht gi sinn.

Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser der Regierung eng Rei Froe gestallt, och fir ze wëssen, wat mat de Gelder geschitt déi iwwert déi Lëtzebuerger Entwécklungshëllef fléissen.

Deel dëse Post: