Wat geschitt mat der eelster Porkierch vun der Stad Lëtzebuerg?

Bei Gruewungen am Gronn si viru Kuerzem Iwwerreschter vun der eelster Porkierch an der Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg fonnt ginn, der St.-Ulrich-Kierch. Dës Kierch staamt warscheinlech aus dem 11. Joerhonnert an ass mat Deeler vun der aler Stadmauer dee spektakuläersten archeologesche Fund, dee säit 2020 an der Haaptstad gemaach gouf. Trotzdeem maache sech Denkmalschützer Suergen ëm d’Zukunft vun dësem historesche Fund, well d’Stad Lëtzebuerg op dëser Plaz eng Zone de récréation plangt. Wéi geet et weider mat dësem wichtegen Deel vun eisem Patrimoine?

 

Deel dëse Post: