Zënter d’Nationalbibliothéik op de Kierchbierg geplënnert ass, steet d’Gebailechkeet vum ale Kolléisch eidel. Et ass nach net gewosst, wéi d’Gebai an Zukunft genotzt gi soll. Dëst soll awer net verhënneren, datt d’Gebai a säin Haff déi néideg Fleeg a Securiséierung kréien. Aus deem Grond haakt den Deputéierte Fernand Kartheiser bei der Regierung no.