Wat geschitt mam Michel-Rodange-Haus zu Käerch?

Den Ëmgank mat hiren Nationaldichtere verréit vill iwwer eng Gesellschaft. Zu Lëtzebuerg hu mir eng ganz Rei vun Haiser, déi vun eise wichtegsten Auteure bewunnt goufen an déi zum Deel ënner Denkmalschutz stinn, sou och en Haus zu Käerch, an deem de Michel Rodange tëscht 1862 an 1866 gelieft huet. D’Haus selwer ass a kengem gudden Zoustand. Misst een esou e Site net notzen, fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur ze promouvéieren?  

Deel dëse Post: