Wat fir eng Geschicht zu Lëtzebuerg? [Video]

Gambia huet eng ganz Rëtsch Geschichtsinstituter zu Lëtzebuerg ofgeschaaft – als lescht elo déi, déi sech mam 2. Weltkrich an der Lëtzebuerger Resistenz befaassen. D’Gesetz, mat deem op der Uni Lëtzebuerg elo ee Geschichtszentrum geschaaft gëtt, war de 9. Juni virun der Chamber. D’ADR huet dergéint gestëmmt an de Fernand Kartheiser huet erkläert firwat.

Anescht wéi d’CSV, esou den ADR-Deputéierten, géing seng Partei net fir Gesetzer stëmmen, déi e ganze Koup Froen onbeäntwert loossen. D’Gesetz géing emol net soen, firwat déi Ännerung néideg ass, wat besser gëtt doduerch. Geschicht sollt een am Respekt an an der Kontinuitéit behandelen … a net op de Wee vun der Dekonstruktioun goen a maachen, wéi wann et keng Lëtzebuerger Geschicht géing ginn.

Froen hat de Fernand Kartheiser, wéi et mat der Geschichtsschreiwung viru geet, wat mat de Lieux de mémoire geschitt, deene Plazen also, wou sech Lëtzebuerger Geschicht zougedroen huet (Villa Pauly, Hollerecher Gare, Pafemillen  …) a wéi a wéini nach Gedenkfeiere wäerte sinn … esou vill Froen, datt ee versteet, firwat d’ADR Nee seet zu dem Gesetz.

Deel dëse Post: