Wat bréngen eis d’Klimamilliarden?

Am Mäerz huet de Fred Keup eng ausféierlech Nofro iwwer déi ëffentlech Klimadepensë gestallt. Wéi sou oft huet d’Regierung déi meescht Froe kaum bis guer net beäntwert, mee ëmmerhi wësse mir lo Folgendes: 1,1 Milliarden Euro vun de Leit hire Sue gëtt d’Regierung eleng 2021 fir hir Klimaideologie aus. Sougenannt Begrënnung: Se net auszeginn, wier eeben nach méi deier. Eng skandaléis Äntwert, déi de d’ADR net wëll hinhuelen. Wie sou vill Steiersuen ausgëtt, muss bei der Begrënnung eng kloer an ausféierlech Käschten-Notze Rechnung kënne virleeën. Souguer ënnerhalb der Regierung hirer eegener Argumentatiounsstruktur muss ee feststellen, datt den nationalen Impakt op de Klima wuel nëmme minimal ka sinn.

Hannergrënn:

Deel dëse Post: