Säit bal 10 Joer huet och Lëtzebuerg automatesch Radaren. Gläichzäiteg gouf d’Toleranzgrenz fir Verstéiss géint d’Vitesslimitt staark reduzéiert, vun 10 Prozent op allgemeng zwee Stonnekilometer. Wéi presentéiert sech de Bilan? De Jeff Engelen freet detailléiert Zuelen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 7484 huet den deemolegen Här Verkéiersminister verschidde Statistiken zu de fixe Radaren zur Verfügung gestallt. Esou gouf zum Beispill matgedeelt, datt ronn 236733 Protokoller fir Verstéiss géint d’Vitesslimitten ausgestallt goufen, déi sech ob eng Infraktioun vun engem bis fënnef Kilometer bezunn hunn. Des Weideren gouf d’Statistik fir d’Accidenter um Streckenofschnëtt vun 200 Meter virun an hannert de Radare matgedeelt, awer just bis zum Stand vun 2021.
An deem Sënn géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Protokoller jeeweils 2023 an 2024 fir Vitessverstéiss ausgestallt goufen, déi tëschent engem a fënnef Stonnekilometer louchen a preziséieren, wéi vill der jeeweils duerch en eenzele fixe Radar, a wéi vill duerch Streckeradaren erfaasst goufen? Wéi vill administrativ Aarbechtsstonne si jeeweils duerch den Traitement vun deene Protokoller entstanen?
- Kann d’Madamm Minister eng aktualiséiert Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Accidenter tëschent 2012 an 2024 um Streckenofschnëtt vun 200 Meter virun an hanner de Radare stattfonnt hunn, wéi eng Ursaache jeeweils identifizéiert goufen a preziséieren ob a wéi dacks Leit dobäi blesséiert goufen oder hiert Liewe gelooss hunn?