Radaren a keen Enn: Gëtt et e Plang?

Repressioun ass e Wuert mat engem béise Bäigeschmaach, wann et em Kriminalitéit geet. Déi Leit, déi dofir responsabel sinn, zécken awer net, repressiv géint Autofuerer virzegoen. Op all 120 Kilometer vum Stroossenetz vum Land steet an der Moyenne ee fixe Radar … an et kommen nach neier derbäi … fixer, Streckeradare, Luuchteradaren. De Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen probéieren an enger gemeinsamer parlamentarescher Fro erauszefannen, wat d’Regierung mat deem Opwand erreeche wëll.

Fro

D’Press wousst de 9. Januar ze schreiwen, wéi vill Protokoller duerch d’Radarkontrollen hei am Land 2022 etabléiert goufen. 230.000 Mol sinn Autofuerer zur Staatskeess gebiede ginn, also ronn 630 Mol all Dag. 15.000 Mol waren 145 Euro ze bezuelen, de Rescht waren “Avertissements taxés” vun 49 Euro, also eng Recette vun 12 Milliounen a 710.000 Euro. An et sollen nach weider Radaren opgestallt ginn, mat deelweis erweiderte Funktiounen.

Dowéinst wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi e Konzept huet d’Regierung, wat Radaren ugeet? Wéi ginn d’Standuerter vun de Radaren ausgesicht? Wat ass der Regierung no eng maximal Zuel vu Radare fir eis Stroossen? Wéivill sollen der an dene nächste Joeren nach opgeriicht ginn?
  2. Kann ee vu gegléckter Präventioun schwätzen, wann d’Zuel vun de “Protokoller” vu 49 Euro an engem Joer ëm 40 Prozent wiisst, déi vun den 149-Euro-Avertissementer ëm 300 Prozent?
  3. Wat déi 215.000 manner schlëmm Verstéiss ugeet, bei wéi vill vun deene goufe manner ewéi 5 Kilometer iwwert der erlaabter Vitess zeréckbehalen?
  4. Wéi vill Akzidenter gouf et duerch stënterlecht Ofbremse virun engem Radar?
  5. Konnt d’Zuel vun Akzidenter, op Plazen, wou et a rezenter Vergaangenheet zu déidlechen Akzidenter komm ass, duerch d’Opstelle vun engem Radar verréngert ginn?

Äntwert

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an vum Minister fir bannenzeg Sécherheet op d’parlamentaresch Fro n° 7484 vum 19. Januar 2023 vum Här Deputéierten Jeff Engelen an vum Här Deputéierten Fernand Kartheiser.

Wéi e Konzept huet d’Regierung, wat Radaren ugeet? Wéi ginn d’Standuerter vun de Radaren ausgesicht? Wat ass der Regierung no eng maximal Zuel vu Radare fir eis Stroossen? Wéivill sollen der an dene nächste Joeren nach opgeriicht ginn?

 Déi automatesch Radare gi generell op Plazen opgestallt, déi sech an der Vergaangenheet als besonnesch geféierlech eraus gestallt hunn a wou et schwéier Accidenter gouf (Accidentologie a praktizéiert Vitess). Dës Plaze ginn deemno op Basis vun der Onfallfuerschung (Unzuel a Gravitéit vun den Accidenter) a der praktizéierter Vitesse op dem Streckendeel mat héijer Unzuel vun Onfäll evaluéiert an am Kader vun den Aarbechte vum Aarbechtsgrupp “Audits de sécurité” proposéiert. Donieft gi Radaren op Sitten installéiert, wou Onfäll duerch ze héich Geschwindegkeet besonnesch schwéier Konsequenzen hätten, wéi zum Beispill an Autobunnstunnellen (Streckeradaren). Als Pilotprojet gouf deemools d’Nationalstrooss N11 bei Gonnereng ausgewielt, fir d’Technik vun de Streckeradare kënnen ze testen.

Wéi schonns ugekënnegt, wäerten dëst Joer nach 2 fix Radaren installéiert ginn (een am Bäreldenger Bierg an een zu Sëll). D‘Streckeradaren an den Tunnellen op der Autobunn A7, déi sech momentan nach an der Testphas befannen, wäerten deemnächst och schaarf gestallt ginn. Zousätzlech Radaren si momentan nach net geplangt.

D’Stroossennetz an d’Accidentologie ginn awer stänneg iwwerpréift fir ze evaluéieren, ob a wou eventuell nach weider Radaren installéiert ginn. Deemno ass net vun enger maximaler Unzuel vu Radaren auszegoen.

Kann ee vu gegléckter Präventioun schwätzen, wann d’Zuel vun de „Protokoller“ vu 49 Euro an engem Joer ëm 40 Prozent wiisst, déi vun den 149-Euro-Avertissementer ëm 300 Prozent?

 Wéi richteg vun den Hären Deputéierte festgestallt, ass ee prozentuale Wuesstem vun den Avertissement-taxéen (AT) ze verzeechen. Reng statistesch betruecht, ass awer bei enger wuessender Unzuel vu Radaren och vun enger méi héijer Zuel vun AT‘en auszegoen. An dësem Fall ass dëst virun allem duerch den neie Streckeradar am Tunnel Markusbierg op der Saar- Verbindung A13 ze erklären. Dëse Radar huet mat Ofstand am mëschten Avertissement-taxéen virzeweisen.

Allgemeng muss ech hei awer betounen datt d’Zil vun engem Radar definitiv net ass esou vill wéi méiglech Avertissement-taxéen auszestellen. D’Radaren hunn deemno eng präventiv Funktioun, andeems d’Chauffere sensibiliséiert ginn déi maximal erlaabte Geschwindegkeet ze respektéieren an dëst zu hirer eegener an der allgemenger Sécherheet am Stroosseverkéier. D’Präventioun leit also doranner den alldeegleche Verkéier op spezifesche Punkten op déi maximal erlaabte Geschwindegkeet hinzeweisen a bei engem net anhale vun dëser Geschwindegkeet och, wann néideg, ze sanktionéieren.

Wat déi 215.000 manner schlëmm Verstéiss ugeet, bei wéi vill vun deene goufe manner éwei 5 Kilometer iwwert der erlaabter Vitess zeréckbehalen?

 Fir d’éischt ass ze bemierken, dass d‘Zifferen, op déi den honorabelen Deputéierten sech baséiert, net mat deenen Zuelen iwwerteneestëmmen, déi der Police zur Verfügung stinn.

D‘Statistike vun der Police weisen en Total vun 297 503 manner schlëmme Verstéiss un, heibäi handelt et sech em AT’en vun 49 Euro. De gefroten Detail vun dëse manner schlëmme Verstéiss ass an dësem Tableau nozeliesen:

Iwwerschreiden   vun   der   Vitesse                             an Stonnekilometer  

Unzuel

1 km/h 71 191
2 km/h 55 689
3 km/h 45 003
4 km/h 36 174
5 km/h 28 676
   
Total 236 733

 

Wéi vill Akzidenter gouf et duerch stënterlecht Ofbremse virun engem Radar? Konnt d’Zuel vun Akzidenter, op Plazen, wou et a rezenter Vergaangenheet zu déidlechen Akzidenter komm ass, duerch d’Opstelle vun engem Radar verréngert ginn?

 Statistiken ob a wéi vill Accidenter duerch Ofbremse bei engem Radar geschitt sinn, ginn net erhuewen. Wéi aus de Statistiken hei drënner ze enthuelen ass, sinn déi déidlech Accidenter bei praktesch all de Sitte vu Radaren erof gaangen, respektiv et gouf guer keng méi. Och bei den Accidenter mat Verletzen ass eng insgesamt positiv Tendenz festzestellen.

Tableau 1. Déidlech Accidenter (200 Meter am Ëmkrees vu Radaren)* 

 

Radare

 

2012

 

2013

 

2014

 

2015

 

2016

 

2017

 

2018

 

2019

 

2020

 

2021

A4 en amont du giratoire Raemerich  

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

A4/B4 Merl

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

B40 liaison Micheville

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

B7/A7 Schieren

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

CR101 Schoenfels

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

CR118 entre Mersch et Angelsberg  

0

 

0

 

0

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10 Hettermillen

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10 Schmetterwier

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10A Steinheim

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N11 Gonderange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N12 Lehrhaff

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

N12 Emeschbach

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N13 Gernich

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N13 Welfrange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N14 Stegen

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

N15

Heiderscheidergrund

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N24 Oberpallen

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N28 Pleitreng

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N3 Schlammestee

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N5 Niderterhaff

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N7 Dorscheid

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

 

N7 Lipperscheid

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N7 Rouscht

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N8 entre Saeul et Brouch

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

N8 Reckange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

Tableau 2. Schwéier Accidenter (200 Meter am Ëmkrees vu Radaren)* 

 

 

Radars

 

2012

 

2013

 

2014

 

2015

 

2016

 

2017

 

2018

 

2019

 

2020

 

2021

A4 en amont du giratoire Raemerich  

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

1

 

1

 

1

 

A4/B4 Merl

 

1

 

0

 

0

 

4

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

B40 liaison Micheville

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

1

 

B7/A7 Schieren

 

1

 

0

 

1

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

1

 

0

 

CR101 Schoenfels

 

0

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

CR118 entre Mersch et Angelsberg  

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

1

 

0

 

0

 

N10 Hettermillen

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10 Schmetterwier

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10A Steinheim

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N11 Gonderange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N12 Lehrhaff

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N12 Emeschbach

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N13 Gernich

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

N13 Welfrange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N14 Stegen

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N15

Heiderscheidergrund

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N24 Oberpallen

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N28 Pleitreng

 

0

 

0

 

1

 

0

 

2

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

N3 Schlammestee

 

3

 

0

 

1

 

4

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N5 Niderterhaff

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N7 Dorscheid

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

N7 Lipperscheid

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N7 Rouscht

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N8 entre Saeul et Brouch

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N8 Reckange

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

 

Tableau 3. Liicht Accidenter (200 Meter am Ëmkrees vu Radaren)* 

 

 

Radars

 

2012

 

2013

 

2014

 

2015

 

2016

 

2017

 

2018

 

2019

 

2020

 

2021

A4 en amont du giratoire Raemerich  

1

 

2

 

4

 

2

 

0

 

2

 

0

 

2

 

0

 

1

 

A4/B4 Merl

 

2

 

3

 

4

 

0

 

1

 

4

 

2

 

2

 

2

 

2

 

B40 liaison Micheville

 

0

 

0

 

3

 

0

 

0

 

1

 

2

 

2

 

0

 

2

 

B7/A7 Schieren

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

2

 

0

 

0

 

3

 

CR101 Schoenfels

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

CR118 entre Mersch et Angelsberg  

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10 Hettermillen

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10 Schmetterwier

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N10A Steinheim

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

 

N11 Gonderange

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

N12 Lehrhaff

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N12 Emeschbach

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N13 Gernich

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

1

 

0

 

0

 

N13 Welfrange

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N14 Stegen

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

N15

Heiderscheidergrund

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

1

 

1

 

0

 

1

 

N24 Oberpallen

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N28 Pleitreng

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

1

 

0

 

1

 

0

 

0

 

N3 Schlammestee

 

2

 

2

 

4

 

2

 

1

 

1

 

1

 

1

 

2

 

0

 

N5 Niderterhaff

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

N7 Dorscheid

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

0

 

2

 

0

 

0

 

0

 

N7 Lipperscheid

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N7 Rouscht

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

N8 entre Saeul et Brouch

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

1

 

0

 

0

 

1

 

1

 

N8 Reckange

 

1

 

1

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

0

 

* Radaren déi eréischt kierzlech installéiert goufen a Streckeradare sinn net an der Statistik.

Deel dëse Post: