Wat bedeit d’Unerkennung vun amerikaneschen Autosnormen?

D’EU huet e risegen Zolldeal mat de Vereenegte Staaten geschloss. Nieft villem anere verflicht d’EU sech och, amerikanesch Autosnormen unzeerkennen, wuelwëssend, datt d’Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten natierlech kee Verbrennerverbuet virgesäit. Wat bedeit déi Klausel fir d’Zukunft vum Verbrennungsmotor an der EU souwéi och fir eng Rei komplizéiert Virgaben, déi d’Autoen déi lescht Joren ëmmer méi deier gemaach hunn? De Jeff Engelen freet no:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister an den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

An der parlamentarescher Fro Nummer 7602 vum fréieren Deputéierten Här Fernand Kartheiser, souwéi menge parlamentaresche Froen Nummer 128 an Nummer 579 goufen eng Rei Normen, déi aktuell scho fir an der EU nei zougeloossen Autoe gëllen, respektiv an noer Zukunft agefouert ginn, thematiséiert. Dës Norme bezéien sech zum Deel op d’Virgabe fir d’Sécherheetselektronik, zum Deel op de Verbrauch. Vun 2035 un dierfen nom aktuelle Stand dann och guer keng Autoe méi mat Verbrennungsmotor an der EU nei zougelooss ginn.

Am Handelsofkommes tëschent der EU an de Vereenegte Staaten vun Amerika, dat den 21. August an Englescher Sprooch publizéiert gouf, heescht et am Artikel aacht awer, datt d’EU an d’Vereenegt Staaten drophischaffen, hir Standarden am Autobau géigesäiteg unzeerkennen. En Auto, deen no amerikaneschen Norme gebaut ass, misst deementspriechend ouni weider technesch Adaptatioun importéiert an immatrikuléiert kënne ginn.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi interpretéiert d’Regierung den entspriechende Passage am Artikel aacht: “With respect to automobiles, the United States and the European Union intend to accept and provide mutual recognition to each other’s standards” am Hibléck op déi an der EU virgeschriwwen Norme vun der Sécherheetselektronik esou wéi dem Verbrauch? Kéinten deementspriechend weiderhi Gefierer nei immatrikuléiert ginn, déi deenen an deene verschiddene parlamentaresche Froen thematiséierten Normen net entspriechen?
  • Wéi interpretéiert d’Regierung deen zitéierte Passage am Hibléck op d’Zouloossungsverbuet fir Autoe mat Verbrennungsmotor? Kéinten amerikanesch Autoe mat Verbrennungsmotor méiglecherweis och iwwer 2035 eraus an der EU nei immatrikuléiert ginn?
  • A wéi engem Delai gedenkt d’Regierung déi national Acteuren (Händler, Verbänn, Autoritéiten asw.) iwwert d’Konsequenze vun deem Passage, souwéi méiglech legislativ Upassungen ze informéieren, fir Rechtssécherheet ze garantéieren?

 

 

 

 

Deel dëse Post: