Wann d’Police Schued uriicht…

E ka virkommen, datt bei Asätz vun der Police materielle Schued entsteet, dëst esou wuel um Eegentum vun de Persounen déi vun der Police cibléiert sinn, wéi och bei den Noperen, der Copropriétéit oder aner onbedeelegt Leit. Et kënnen dës Schied si wéi futtis Dieren, Zillen op den Diech, oder Gelänneren.

Wéi eng Prozedur ass virgesinn, fir d’Leit ze entschiedegen? U wien muss een sech adresséieren? Wéi laang dauert et?

Dës an aner Froen huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser un de Minister fir bannenzeg Sécherheet geriicht.

Photo: Police grand-ducale

Deel dëse Post: