Wann d’Oppositioun sech net ze oneens ass …

De Fernand Kartheiser huet d’ADR op engem “Background” bei RTL vertrueden, an deem et haaptsächlech ëm eng houfreg Sammlung vu Feelleeschtunge vun der Regierung an hire Parteie gaang ass. De Fraktiounschef vun der ADR hat keng Problemer fir seng Standpunkter kloer an däitlech un de Mann an un d’FRaen ze bréngen. Mat him ware Martine Hansen (CSV), Myriam Cecchetti (Déi Lénk) an de Sven Clement (Piraten) mat um Plateau. D’Oppositiounsparteien ware sech an hirer Kritik eens, den Toun war komerodschaftlech-frëndlech, net wei heinsdo an der Chamber,

Déi souverän a kloer Interventioune vum Fernand Kartheiser fannt Dir am Video hei:

no 1 Minutt 8 Sekonnen: Gréng Manöveren an der Affär Dieschbourg a Verantwortung vun der Chamber
no 7 Minutte 56 Sekonnen: Affär Dieschbourg an Tanson: De Bilan kënnt, wann Zäit ass
no 12 Minutte 5 Sekonnen: Affär Dieschbourg a Verfassung: D’Chamber kann net anescht handele wéi 2012
no 17 Minutten: Affär Dieschbourg: Wëllen Déi Gréng e Prozedurfeeler provozéieren? 
no 21 Minutten 13 Sekonnen: Affär Dieschbourg: DE Kalenner mécht d’Justiz, net d’Oppositioun
no 25 Minutte 34 Sekonnen: Affär Dieschbourg: Sympathi e fir de Felix Braz, Respekt fir d’Joëlle Welfring
no 34 Minutten: D’ADR bekennt sech zum Index-System
no 40 Minutte 25 Sekonnen: Wuesstemsfal ass dee Problem vum Land
no 50 Minutte 5 Sekonnen: Eis Gesondheetspolitik kann net weider vun ideologesche sozialistesche Konzepter gepräägt sinn
Deel dëse Post: