Asti: Wann d’Madamm Zuccoli nom Geriicht rifft

D’Asti-Presidentin Laura Zuccoli féiert Plainte géint X, no engem Facebook-Post vum Deputéierte Fred Keup. Den ADR-Deputéierten hat et dach net tatsächlech gewot, Aussoen ze kritiséieren an ze relativéieren,  an deenen d’Mme Zuccoli behaapt, datt kapverdianesch Schüler hei am Land géifen diskriminéiert ginn. De Fred Keup huet d’Léierpersonal verdeedegt an dozou gemengt, datt och Lëtzebuerger Schoulschwieregkeeten hunn an drunn erënnert, datt munch Leit mat kapverdianesche Wuerzelen hei zu Lëtzebuerg vu Politik bis Sport eng gutt Carrière maache konnten.  A verschiddene Kommentaren zu deem Post ass d’ASTI, déi jo zu Lëtzebuerg bei ville Leit net grad beléift ass, net gutt ewech komm. Vill Leit hunn dem Fred Keup spontan Recht ginn.

D’Asti, déi iwwer 2,5 Milliounen Euro Steiersuen am Joer kritt, verdréit jiddefalls keng Kritik. Si wäert all Kritik un hiren extremistesche Positiounen als  eng Zort Majestätsbeleedegung ugesinn. Si wäert och nach un hirem verluerene Referendum knaen. Mir erënneren eis: d’Madamm Zucccoli  war schonn 2015 op eng memorabel Art a Weis an de Referendumsdiskussiounen op RTL mam Fred Keup uneneegeroden …  an hat haushéich verluer.

An engem Communiqué riicht D’ADR der ASTI elo nach eemol den Dicks.

 

Deel dëse Post: