Wann d’Grousselteren d’Enkele versuergen …

Wann d’Elteren entscheeden, hir Kanner vun de Grousseltere versuergen ze loossen, esoulaang si schaffe sinn, kann dëst a Covid-Zäite problematesch ginn. Duerch d’Restriktiounen, déi net erlaben, méi wéi zwou Persounen aus just engem Stot ze empfänken, kréien Eltere an deem Fall a mat méi wéi zwee Kanner e Problem – haaptsächlech dann, wann d’Grousselteren net esou mobil sinn an d’Eltere keng Méiglechkeet op Teleaarbecht hunn. Wat hunn déi Betraffen hei fir Méiglechkeeten? Dëst wëll de Fred Keup vun der Familljeministesch wëssen.

 

Deel dëse Post: