Wann Déi Gréng géint hir eegen Iddie stëmmen

Do hat emol eng gréng Deputéiert eng gutt Iddi. Si huet e Virschlag aus enger ADR-Resolutioun vun 2009 opgegraff fir eng Crèche an der Chamber anzeriichten. Deemols haten Déi Gréng mat Nee gestëmmt, well dat war ier si Feminismus als Walkampfthema entdeckt haten.

D’ADR, traditionell ëmmer bereet, sech fir d’Fraen anzesetzen, huet gemengt, der Madamm ze hëllefen, déi an de leschten Deeg ganz aktiv an de Medie fir d’Fra an der Politik a fir d’Famill geschwat hat. De Fernand Kartheiser huet d’Resolutioun vun 2009 nach eemol zur Ofstëmmung bruecht. 29 Deputéierten hunn duerfir gestëmmt, mee ganz Gambia dergéint. Ganz Gambia an och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard, déi genee dee nämmlechte Virschlag nach e puer Minutte virdru mat engem coole “Soyons fous!” groussaarteg ënnert d’Leit bruecht hat, nodeems si scho laang a breet an der Press Reklamm gemaach hat. Dat ass konsequent hypokritesch, dat ass gréng Politik.

Deel dëse Post: