Wann de Minister Fayot mat Faillite dreet …

Den Toun vun der Fro mécht d’Musék. Dem Roy Reding war zu Ouere komm, datt de Wirtschaftsministère an engem Bréif gedreet huet, e Betrib an d’Faillitte ze geheien, wann dee eng Rechnung net géing bezuelen. An der Fro geet de Roy Reding drop an, datt grad dee Ministère am Kader vun der Corona-Kris Appelle gemaach huet, datt Proprietäre vu Geschäftslokaler hire Locataire sollen entgéintkommen. Wat ee vu Privatleit verlaangt, sollt een als Staatsbetrib och virliewen.

Deel dëse Post: