Verkéierssituatioun: Wann de Bierger eng Sécherheetsdemande stellt

Et kënnt méi wéi eemol vir, datt onverantwortlech Autofuerer mat enger iwwerdriwwener Vitesse duerch Stroosse vun engem Wunnvéirel fueren. Doduerch schafen si awer geféierlech Situatiounen am Verkéier, mat deene schliisslech d’Awunner aus der jeeweileger Strooss konfrontéiert sinn. Net all Awunner wëll sech mat dësem Ëmstand offannen a stellt dofir eng Sécherheetsdemande am Kader vun där Verkéierssituatioun. Dës Prozedur erweist sech allerdéngs net onbedéngt als evident. Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet dofir eng parlamentaresch Fro zu dësem Thema gestallt.

 

Deel dëse Post: