Wandpark Déifferdeng: Schonn heemlech mat Viraarbechten ugefaangen?

Am Kader vum geplangte Wandpark zu Uewerkuer ass Creos aktuell am Gaang, um „Vesquenhaff“ bei Déifferdeng,  den aktuellen Transformator duerch ee vill méi groussen ze ersetzen, dat obwuel d’Zuel vun deenen ugeschlossenen Infrastrukture bis elo onverännert bliwwen ass. Op Nofro vu concernéierte Bierger gouf gläich vun e puer Responsabele vu Creos confirméiert, datt deen neien Transformator souwuel fir d’Aspeisen vun der Energie vum neie Wandpark geduecht wär, wéi och fir déi elektresch Alimentatioun vun deene geplangte Wandrieder.

Deel dëse Post: