Walen 2018: Kooperatioun tëscht ADR a Wee2050

D’Lëtzebuerger hu beim Referendum 2015 zu dräi ganz kriddelege Froen hire Courage gewisen an dräi Mol mat ganz grousser Majoritéit vu bal 80 Prozent Nee gesot. Si hunn dat gemaach géint eng breet Koalitioun vu bal alle Parteien, der Zivilgesellschaft an de Medien. Géint dës Meenungskoalitioun huet parteiesäiteg just d’ADR eng aner Positioun geholl (bei der CSV hirem Wischiwaschi-Gutt-informéiert-an-d’Walkabinn konnt ee jo net vu Positioun schwätzen). Op Säite vun der Zivilgesellschaft war et d’Plattform Nee 2015, déi quasi parallel zu eiser Partei mat deenen nämmlechten Argumenter Nee gesot huet. Nom Referendum ass aus dëser Initiativ de Wee 2050 ginn, dee weider d’Suerge vun der ADR iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch, d’Schoulwiesen an den onkontrolléierte Wuesstem deelt.

Et wiisst also méi enk zesummen, wat zesummegehéiert, wann d’ADR an de Wee 2050 fir d’Chamberswalen eng Kooperatioun ukënnegen. Dës gouf op enger gemeinsamer Pressekonferenz haut Freideg, den 2. Mäerz, am ADR-Büro ugekënnegt. De Fred Keup, deen ëmmer nees d’Positioune vum Wee 2050 an der Ëffentlechkeet an an der Press vertrueden huet, gëtt Kandidat fir d’Chamberswalen op der ADR-Lëscht am Süden.  Weider Persoune vum Wee 2050 kënnen op de Lëschte vun der ADR no Consultatioune Kandidat ginn.

D’Pressekonferenz gouf gehalen vum ADR-Parteipresident Dr Jean Schoos a vum ADR-Generalsekretär Me Alex Penning, zesummen mat dem Fred Keup vu Wee 2050.

Deel dëse Post: