Jo zum fräie Persouneverkéier, neen zum Sozialtourismus

D’ADR ënnersträicht, datt den Traité vu Lissabon, d‘Conventioun vu Schengen an d’Direktiven zum fräie Persouneverkéier Dispositiounen enthalen, déi dozou bestëmmt sinn, de Sozialtourismus ze vermeiden. Dës Dispositioune mussen applizéiert ginn.

Et muss ee souwuel d’Sozialsystemer vu Lëtzebuerg, ewéi och d’Bierger aus anere Memberstaate schützen, déi duerch falsch Verspriechen oder ganz kuerzfristeg Aarbechtskonkrakter ugezu ginn.

Oppe Grenzen, mä nëmme fir éierlech Bierger

D’ADR steet zum Accord vu Schengen, mä verlaangt och, datt, esou dacks wéi néideg, de Lëtzebuerger Staat vu sengem Recht, déi national Grenzen ze kontrolléieren, Gebrauch mécht. D’ADR wëll ënnert anerem, datt d’Grenzkontrollen da verschäerft ginn, wann d’Asyldemandë besonnesch héich sinn. Den Dublin III – Reglement, an deem festgehale gouf, datt d’Asyldemandë mussen am éischten EU-Land behandelt ginn, an deem den Demandeur ukomm ass, muss applizéiert ginn.

Der EU-Erweiderung kloer Grenze setzen

Et ass wichteg, d’Acquise vun der EU ze festegen an eng méi grouss Harmoniséierung tëscht de Memberstaaten ze garantéieren, ier nei Memberstaaten der EU bäitrieden.

D’ADR ass strikt géint den EU-Bäiträtt vun der Tierkei, mä fir bilateral oder regional Accorde mat Länner aus dem Balken oder Osteuropa.

D’ADR verlaangt, datt all Ratifizéierung vun engem neien EU-Bäitrëtt zu Lëtzebuerg per Referendum gestëmmt gëtt.

Eng Roll fir d’EU an der Aussen- a Sécherheetspolitik

D’ADR ass iwwerzeegt, datt d’EU muss eng méi kredibel Roll kënne spillen um internationalen Niveau, besonnesch an der Verdeedegung vun den demokratesche Wäerter, vun der sozialer Gerechtegkeet, vum Respekt vun de Mënscherechter a virun allem an der Verdeedegung vun de Grondrechter.

Fir d’ADR muss sech d’Militärsécherheet vun den europäesche Staaten an éischter Stell an der Atlantescher Allianz organiséieren.