Aarbecht & Beschäftegung: fir e soziaalt Europa

De Chômage reduzéieren, de Sozialschutz erhalen

D’ADR wäert alles asetze fir um europäeschen Niveau de Chômage ze reduzéieren a gläichzäiteg de Sozialschutz ze erhalen. D’Beschäftegungsmoossname musse besser koordinéiert ginn. Nom Beispill vun de Kritären fir eng Bedeelegung un der Eurozon plädéiert d’ADR fir d’Festhale vu Mindeststandarden.

D’ADR verlaangt, datt de Bannemaart och op eng staark sozial Reglementéierung baséiert. Fir de Sozialdumping ze verhënnere plädéiert d’ADR fir eng progressiv Harmoniséierung vum Aarbechtsrecht an der EU. Et muss sech progressiv un d‘Länner mat de virdeelhaftsten Normen ugepasst ginn.

Fir d‘Aféiere vu soziale Mindestnormen

D’ADR plädéiert fir d’Aféiere vu soziale Mindestnormen (z.B. e soziale Mindestloun, e garantéierte Mindestakommes, eng obligatoresch Sozialversécherung fir jiddereen, asw). Den Niveau vun deenen Norme gëtt vun den eenzelne Memberstaate bestëmmt an un d’Wirtschaftssituatioun vum Land adaptéiert.

Géint d‘Privatiséierung vun ëffentleche Servicer

D’Decisiounen zum Bedreiwer (Privatfirma oder Staatsbetrib) vu Servicer wéi Waasser-, Gas- an Elektreschversuergung oder ëffentlechen Transport mussen nees eng direkt Kompetenz vun de Memberstaate ginn.

Kalenner

Exekutiv-Sëtzung
Videokonferenz (Link op der Invitatioun)
alles ukucken
ADR Fraen - Schueberfoueriessen a…
Glacis - Fouerplaz (Lëtzebuerg-Stad)
alles ukucken
ADR Fraen - Sortie op…
Monschau (wann d'Corona-Restriktiounen et zouloossen)
alles ukucken
Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.