25. Integratioun: gutt zesummeliewen!

Lëtzebuerg, als ee vun de klengsten EU-Memberstaaten, huet proportional de gréissten Undeel un auslännescher Bevëlkerung. Ëm déi 44% vun der aktueller Bevëlkerung sinn Auslänner, zu deene jo och nach a verschiddene Hisiichten d’Frontaliere musse bäigezielt ginn. Dës besonnesch Erausfuerderung fir eist Land spigelt sech och am Walprogramm vun der ADR erëm. Esou beschäftegen sech besonnesch d’Kapitelen iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, iwwert Relioun, d’Schoul, d’Aarbecht an iwwert d’Demokratie mat enger ganzer Rei vu Froen, déi besonnesch och fir Auslänner a fir deenen hir erfollegräich Integratioun vu grousser Bedeitung kënne sinn.

D’ADR erkennt un, datt sech Lëtzebuerg ouni dës nei Awunner a Frontalieren net zu deem hätt kënnen entwéckelen, wat et haut ass. Och wa Lëtzebuerg am Ament a wirtschaftlech schwieregen Zäiten ass, esou bleift et dach weiderhin op dës Mataarbechter ugewisen. De Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, mä och säi soziaalt Netz si vun dëse Mënschen ofhängeg. Déiselwecht Consideratioun gëllt natierlech och ëmgekéiert: Lëtzebuerg gëtt dëse Mënschen Aarbecht, e gutt Akommes a materiell Sécherheet.

Grad a wirtschaftlech schwieregen Zäiten ass de Kampf géint Friemenhaass (Xenophobie) besonnesch wichteg.

Wéinst der Villfalt vu Kulturen op klengstem Raum a wéinst dem erhéichte Risiko vu Friemenhaass (Xenophobie) a Krisenzäiten, ass et vu besonnescher Bedeitung, datt duerch en harmonescht Zesummeliewen de soziale Fridden an och eng Gesellschaft, an där sech all fir e gemeinsamt Zil a fir de sozialen Zesummenhalt asetzen, erhale bleiwen.

All d’Awunner, déi duerch d’Kris oder en anere Schicksalsschlag an Nout geroden, hunn Urecht op Hëllef vum Staat, sief et iwwert d’Netz vun de Sozialversécherungen oder iwwert déi national Solidaritéit. Et däerf awer net sinn, wéi verschidden Auslännerorganisatiounen dëst geleeëntlech fuerderen, datt speziell Hëllefen oder Kritäre bei Auslänner ugewannt ginn: Lëtzebuerger däerfen net zu Bierger zweeter Klass an hirem eegene Land ginn! Anersäits hunn Awanderer aus der EU oder aus Drëttstaaten, déi legal zu Lëtzebuerg wunnen – gegebenefalls ënnert Berécksichtegung vun de gesetzleche Fristen – Urecht op déiselwecht Sozialrechter an Hëllefen iwwert déi national Solidaritéit wéi d’Lëtzebuerger. Souwuel am Sozialversécherungsrecht wéi och an der Gesetzgebung iwwert déi national Solidaritéit mussen d’Kritäre fir all déi, déi an Nout gerode sinn, transparent, gerecht an einfach sinn. D’ADR besteet gläichzäiteg drop, datt Mëssbrauch a „Sozialtourismus“ ausgeschloss ginn.

D’ADR ass méi wéi jee dovunner iwwerzeegt, datt all d’Akteuren am Beräich vun der Integratioun vun den auslännesche Matbierger grouss Ustrengungen ze leeschten hunn. Ouni déi kulturell Wuerzele vun den auslännesche Matbierger wëllen a Fro ze stellen, ass et fir déi sozial Kohäsioun vun eiser Gesellschaft absolut néideg, datt dëse Matbierger eis Sprooch, eis Geschicht, eiser Kultur, eis Wäerter an eis Traditioune vermëttelt ginn. Nëmmen esou kann d’Entstoe vun ethnesch-soziale Gettoe verhënnert ginn. D’ADR erwaart sech vun den Awanderer, datt se sech der Lëtzebuerger Gesellschaft upassen, hire Wäerter akzeptéieren, hir Rechtsuerdnung uechten an d’Lëtzebuerger Sprooch léieren.

D’ADR verschléisst sech net dem Prinzip vun der multikultureller Gesellschaft, souwäit eis auslännesch Matbierger an d’Kulturen, déi se matbréngen, zu enger Beräicherung vum Allgemengwiese bäidroen. Ënnert enger multikultureller Gesellschaft versti mir allerdéngs eppes aneschtes wéi gewësse Kreesser, déi eis ënnert dem Deckmantel vun enger falsch verstanener Toleranz wëllen dozou bréngen, eis national Kultur ze verleegnen.

Fir d’ADR däerf de Begrëff multikulturell keen Alibi fir en einfacht Niewentenee vu verschiddene Kulture sinn. D’Integratioun vun den auslännesche Matbierger ass iewescht Prioritéit.

Fir d’ADR ass d’Lëtzebuerger Sprooch de Moyen „par excellence“ fir d’Integratioun ze fërderen. Nëmmen iwwert dee Wee kënnen Auslänner, ob se scho méi laang oder zënter kuerzem zu Lëtzebuerg wunnen, dauerhaft Zougang fannen zu der lëtzebuergescher Gesellschaft. Och Frontalieren, déi dauerhaft hir berufflech Zukunft zu Lëtzebuerg gesinn, sollen un d’Lëtzebuerger Sprooch herangeführt  ginn, ganz besonnesch wann se op hirer Aarbechtsplaz a Kontakt mat der Bevëlkerung sinn. D’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch muss en onverzichtbart Bestanddeel vun Aarbechtsverträg am Gesondheetsberäich an an der Kannerbetreiung ginn. D’ADR begréisst dofir d’Aféierung vum Congé linguistique.

Grondsätzlech steet d’ADR fir eng Awanderungs- an Integratiounspolitik am Aklang mat an am Respekt virun der Lëtzebuerger Identitéit. Fir déi nei Bierger an eisem klenge Land gesellschaftlech a kulturell ze integréieren, si wäit méi grouss Ustrengungen a Moossnamen néideg wéi dat bis elo de Fall war. D’ADR beklot, datt d’Regierungen et verpasst hunn, eng richteg Integratiounspolitik ze bedreiwen.

D’ADR ass der Usiicht, datt Kanner, déi nei an d’Land kommen, mussen eng Classe d’accueil besichen, fir déi Sproochen ze léieren (virun allem Lëtzebuergesch), déi an eisem Schoulsystem benotzt ginn. Eréischt wann se den néidege Sproochniveau erreecht hunn, sollen se an déi fir si passend Schoul integréiert ginn.

Déi Zäit ass sécherlech net verluer, well se jo hëlleft, d’Schouljoren, déi duerno kommen, ouni déi Schwieregkeeten ze bestoen, déi duerch eis speziell Sproochesituatioun kéinten entstoen. Dat Schouljoer soll och genotzt ginn, fir d’Kanner an déi lëtzebuergesch Kultur (z.B. Lidder, Gebräicher, Geschicht) anzeféieren.

Kanner vun net-lëtzebuergeschen Eltren, déi zu Lëtzebuerg gebuer ginn oder a ganz fréiere Joren awanderen, solle grondsätzlech iwwert de Précoce an iwwert d’Spillschoul Lëtzebuergesch léieren.

D’ADR ass sech bewosst, datt Lëtzebuerg net op d’Zouwanderung ka verzichten.

Fir d’Integratioun ze beschleunegen, an net wéi bis elo op Joerzéngten opzeschuppen, musse souwuel d’Lëtzebuerger wéi d’Net-Lëtzebuerger geziilt Ustrengungen ënnerhuelen. D’Zouwanderung soll zueleméisseg an engem iwwerschaubare Kader bleiwen.

Do, wou se ka gesteiert ginn (z.B. iwwert Aarbechtsverträg), soll se sech haaptsächlech op den europäesche Kulturkrees beschränken. Geziilt Integratiounsmoossname solle vu Veräiner (och Kultur- a Sportveräiner) a vu Gemengen ugebuede ginn a musse vun der ëffentlecher Hand ënnerstëtzt ginn. Awanderer sollen direkt bei hirer Umellung iwwert d’Offer u Lëtzebuergeschcoursen informéiert ginn. Si sollen dozou encouragéiert ginn, esou Coursen ze besichen.

D’ADR schwätzt sech fir eng kontrolléiert Awanderung aus („une immigration choisie et non une immigration subie“). Wéi schonn an anere Kapitele beschwat, wäert d’ADR all Mëssbrauch an Awanderungsfroen, z.B. duerch fiktiv Aarbechtsverträg, ënnerbannen.

Déi sougenannten Contrats d’accueil et d’intégration vum OLAI ginn nei gestalt. Inhalt an Niveau vun de Coursen, déi ugebuede ginn, ginn ugehuewen an harmoniséiert.

Mat der Ausnam vu reng kulturelle Veräiner, déi z.B. Gebräicher wéi Volleksdänz oder Vollekslidder aus bestëmmte Géigende fleegen, ass dofir ze suergen, datt keng Kultur- oder Sportgettoen entstinn, wéi z.B. Sportsveräiner, déi nëmme Membere vun enger bestëmmter Volleksgrupp oder Nationalitéit ophuelen. Sportsveräiner, déi exklusiv enger bestëmmter Nationalitéit oppe stinn, solle keng ëffentlech Zouwennung kréien.

Anersäits däerfe Sportsfederatioune keng Veräiner ausschléissen, deenen hir Memberen zu engem groussen Deel enger bestëmmter Nationalitéit ugehéieren. D’Statutte vun de Federatiounen a vun hire Veräiner sollen esou ausgeluecht sinn, datt all d’Awunner zu Lëtzebuerg, egal wat fir enger Nationalitéit, kënnen un den Aktivitéiten deelhuelen.

Am Sënn vun der Reliounsfräiheet respektéiert d’ADR déi reliéis a philosophesch Iwwerzeegunge vun alle Bierger. Dëst muss och fir de Staat de Fall sinn. Ëmgekéiert mussen awer och d’Bierger, egal wat fir enger reliéiser oder philosophescher Iwwerzeegung, déi rechtsstaatlech Prinzipie vun der lëtzebuergescher Gesellschaft uechten. Ënner reliéisem Virwand dierfe keng extra Behandlungen  – z.B. a Spideeler, Klinicken an ëffentleche Schwämmen – ugefrot oder approuvéiert ginn. Och a besonnesch a Schoulen däerfe keng extra Behandlungen opgrond vu reliéise Virschrëften akzeptéiert ginn.

Konkret heescht dat, ënnert anerem:

– Zu Lëtzebuerg gëllt e sougenannte Vermummungsverbuet. D’ADR setzt sech dofir fir e Verbuet vun der Ganzkierperverschleierung an;

– D’Beschneidung vun de Jonge gëtt gesetzlech gereegelt;

– Et gëtt keng speziell Derogatioun fir reliéis Feierdeeg an de Schoulen, déi net an der nationaler Traditioun verankert sinn;

– Polygam Bestietnisser ginn net unerkannt;

– Bestietnisser mat Partner, déi beim Ofschléisse vum Bestietnis ënner 16 Joer al sinn, ginn och net unerkannt;

– All d’Schüler mussen um Sportunterrecht, un de Biologiecoursen an un de Course fir „Sexualkunde“ (éducation sexuelle) deelhuelen.

Schwéier Verstéiss géint Mënscherechter, och a besonnesch wann se ënnert dem Virwand vu reliéise Gebräicher geschéien, wéi z.B. d’Genitalverstümmelung u jonke Meedercher, musse streng verfollegt a mat héije Prisongsstrofe sanktionéiert ginn.

D’ADR steet zum Recht op Asyl fir Verfollegter am Sënn vun der Genfer Konventioun. D’ADR wiert sech awer géint de Mëssbrauch vum Asylrecht duerch Wirtschaftsflüchtlingen. Weider solle verschäerft Kontrolle verhënneren, datt bei eis Asyldemandë gestallt ginn, déi eigentlech an deem Staat gestallt misste ginn, wou den Asylant fir d’éischt de Buedem vun der EU betratt huet.

D’ADR verlaangt, datt d’Visafräiheet fir Staaten ofgeschaf gëtt, déi den Undrang vu Wirtschaftsflüchtlingen a Schäinasylanten op Lëtzebuerg net ënnerbannen. Ausserdeem verlaangt se punktuell Grenzkontrollen an en entscheet Virgoe géint Schleiserbanden.

Leit, déi Asyl ufroen an ofgewise ginn, solle fir op d’mannst 10 Joer net kënnen zeréckkommen. Si sollen och keng zweet Demande zu Lëtzebuerg däerfe stellen.

Déi juristesch Prozedure bei den Asyldemandë solle méi séier a méi einfach ginn. D’Verwaltungsgeriichter däerfen net méi laang duerch Prozesser, bei deenen u sech keng Chance op Erfolleg besteet, iwwerlaascht ginn. D’Assistance judiciaire gëtt och zu dësem Zweck reforméiert.

Fir d’ADR ass de Begrëff Nationalitéit synonym zu engem besonnesch enken a staarke Lien mat engem bestëmmte Land. Dëse Lien enthält ondeelbar Rechter a Flichten.

Prinzipiell steet d’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit fir d’ADR dofir um Enn an net um Ufank vum Integratiounsprozess.

Fir d’ADR muss d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch – op d’mannst op den Niveauen A2 a B1, déi am Ament gëllen – eng Viraussetzung bleiwe fir d’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt souwuel un der virgeschriwwener Openthaltsdauer vu 7 Joer fir d’Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, wéi och un de gefuerderte sproochleche Kompetenzen an um Besiche vu Coursen an der Instruction civique festgehale gëtt. Nëmmen d’Residenzklausel ka méi flexibel applizéiert ginn, an deem Sënn, datt 5 Joer bei engem onënnerbrachen Openthalt zu Lëtzebuerg duerginn. D’ADR leet grousse Wäert op déi juristesch Integritéit vun de Leit, déi sech wëllen abiergeren.

Wat d’Walrecht ugeet, gëllt fir d’ADR:

– Dat passiivt an aktiivt Walrecht bei de Chamberwale bleift fir d’Lëtzebuerger reservéiert.

– Mat der Aféierung vun der duebeler Nationalitéit besteet eiser Usiicht no souwisou kee Besoin, Net-Lëtzebuerger dat aktiivt an dat passiivt Walrecht fir d’Chamberwalen zouzegestoen.

– D’ADR huet dem Walrecht fir Net-Lëtzebuerger fir d’Gemengen- an Europawalen, wéi zu de Sozialwalen zougestëmmt. Et besteet keng Noutwennegkeet fir d’Restriktiounen, déi domadder verbonne sinn, ze lockeren oder d’Walrecht weider auszebauen.

– Wien als Net-Lëtzebuerger all déi politesch Rechter wëll hunn, kann dëst nëmmen iwwert Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit erreechen.