2. Nees kompetitiv ginn

Déi lëtzebuergesch Industrie lieft zu bal 100% vum Export. Dofir muss Lëtzebuerg am europäeschen an internationale Verglach kompetitiv bleiwen a verlueren Terrain nees guttmaachen. Dobäi wäert d’ADR dofir suergen, datt all déi néideg Moossname sozial equilibréiert an net eesäiteg op Käschte vun de Beschäftegte getraff ginn.

Bei der Bewältegung vun der Kris sinn d’Parteien, d’Chamber an d’Regierung op d’Ënnerstëtzung a Matwierkung vun de Bierger ugewisen. D’ADR wäert dofir fir eng vast Informatiounspolitik suergen.

Dëst ass eng Viraussetzun g, fir zesummen nei Weeër ze fannen.

D’ADR ënnerstëtzt Konjunktur- an Investitiounsprogrammer, déi Nofro schafen an de Betriber hëllefen, duerch d’Kris ze kommen, ouni datt et muss zu Entloossunge kommen. Dës Programmer musse fir dauerhaft Moossnamen, déi d’Economie fërderen, benotzt ginn. D’ADR betount awer, datt de Staatsbudget onbedéngt muss am Gläichgewiicht sinn.

Eis Schoule mussen nees besser ginn. Wat an eisem Land wuesse muss, sinn net d’Scholden, mä virun allem Wëssen a Kënnen. Den eenzege Réistoff vu Lëtzebuerg sinn jo bekanntlech seng gro Zellen. Déi laangjäreg Versäumnisser bei Bildung an Integratioun rächen sech elo.

Dofir setzt sech d’ADR konsequent fir eng ëmfaassend Schoulreform an (cf. dat passend Kapitel an dësem Walprogramm).

Zum néidege Mentalitéitswiessel zu Lëtzebuerg gehéiert och d’Opwäertung vun de manuelle Beruffer. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt Kleng- a Mëttelbetriber net nëmmen eng Iwwerliewenschance zu Lëtzebuerg hunn, mä datt se och hire Proprietairen a Mataarbechter en adequate Liewensstandard bidden.

Lëtzebuerg muss och weiderhin e gudde Standuert fir gréisser Industrië bleiwen. Dozou muss de Staat appropriéiert Rahmebedingunge bidden an net, z.B. duerch iwwerdriwwen Ëmweltfuerderungen oder Geneemegungsprozeduren ouni Enn, Betriber Uräizer fir eng Delokaliséierung ginn.

Fir d’ADR ass et och wichteg déi sozial Beruffer ze respektéieren an ze wierdegen. Dozou ziele virun allem d’Beruffer am Beräich vun der Krankefleeg an der Fleeg vun eelere Leit souwéi vun der Kannerbetreiung. An der Aarbechtswelt vun der Zukunft gi Mënschen, déi sech ëm aner Mënsche këmmeren, ëmmer méi indispensabel.

Dës Beruffer sinn och net delokaliséierbar. Dofir setzt sech d’ADR fir d’Opwäertung vun dëse Beruffer a fir e koherent an effizient Sozial- a Gesondheetswiesen an.

Fir Lëtzebuerg, wéi fir aner Länner mat einem héije Liewensstandard an engem gutt ausgebaute sozialen Netz, kann déi wirtschaftlech Zukunft nëmmen iwwert Fuerschung an nei, héichwäerteg Produite geséchert ginn. D’ADR wäert d’Beméiunge vun der Uni Lëtzebuerg a vun den ëffentleche Fuerschungsinstituter, déi an déi Richtung ginn, ënnerstëtzen. De Staat muss och wieder déi privat, ugewannt Fuerschung ënnerstëtzen, besonnesch wann se op d’Hierstelle vun neie Produiten erausleeft. De Staat muss d’Rahmebedingunge schafen, fir spéider d’Produktioun vun de Produiten, déi hei entwéckelt ginn, esou wäit wéi méiglech am Land ze behalen.

Am Eenzelne schléit d’ADR dës Moosname fir d’Verbesserung vun der Kompetitivitéit vir:

Bekämpfung vun der Inflatioun, Index a moderat Lounpolitik

D’Regierung muss d’Inflatioun endlech aktiv bekämpfen amplaz se nach wieder unzehëtzen.

Zu dësem Zweck wäert d’ADR der stänneger Erhéijung vun den ëffentlechen Tariffer (prix administrés), Steieren an Taxen en Enn setzen. Esou Erhéijungen hunn iwwert déi lescht Joren e groussen Deel vun der hausgemaachter Inflatioun ausgemaach.

D’ADR bekennt sech dozou, dat den Index-System nees muss ouni Konzessiounen hiergestallt ginn. E Kafkraftverlooscht duerch eng Netupassung vun de Léin un d’Inflatioun wierkt sech insgesamt negativ op d’Economie aus.

D’ADR ass also ausdrécklech och géint d’Iddi vun engem gedeckelten Index. Si ënnersträicht ausserdeem déi wichteg Roll vum Index-System beim Erhale vum soziale Fridden zu Lëtzebuerg.

D’ADR ass awer domadder averstanen, datt d’Zesummesetzung vum Index-Wuerekuerf esou ofgeännert gëtt, datt Alkohol an Tubak aus gesondheetspolitesche Consideratiounen net méi berécksichtegt ginn.¨

Si wäert och eng verschäerft Präiskontroll aféiere fir sécherzestellen, datt d’Ausbezuele vun enger Index-Tranche net zu onjustifiéierten oder iwwerhéichte Präisaugmentatioune féiert.

D’ADR ass och dozou bereet, ouni de System a Fro ze stellen, zesumme mam Vertrieder vun der Economie iwwert Weeër nozedenken, wéi d‘Belaaschtung vun der Economie duerch den Inflatiounsausgläichsystem ka méi conciliant gestalt ginn. Dëst gëllt ausdrécklech och fir kleng Agrarbetriber.

Si ass fir Diskussiounen op, déi als Zil hunn déi eventuell „effets d’auto-allumage“, also d’Eegekompetente vum Inflatiounsausgläichsystem, déi d’Inflatioun an d’Luucht dreiwen, besser ze identifizéieren an anzedämmen.

Datt den Index-System nees hiergestallt gëtt, ass fir d’ADR a wirtschaftlech schwieregen Zäiten ontrennbar verbonne mam Prinzip vun enger moderater Lounpolitik.

D’ADR ass aktuell ausdrécklech net mat enger Erhéijung vum Punktewäert an der Fonction publique averstanen.

D’ADR hält um Prinzip vum fächendeckenden, gesetzleche Mindestloun fest. Si wäert sech um europäeschen Niveau dafir asetzen, datt entspriechend Reegelungen och an den europäesche Staaten ageféiert ginn, déi esou e System nach net kennen.

Mëssbrauchsbekämpfung am Sozialwiesen

D’ADR wäert déi begrënnt Kloe vun der Privatwirtschaft ganz eescht huelen an net zécken, fir déi néideg Moossnamen ze treffen. De Sozialstaat déngt dozou, nom Solidaritéitsprinzip, de Schwaachen an deenen, déi Hëllef brauchen, bäizestoen. Hien déngt net dozou ze toleréieren, datt e puer probéieren d’Allgemengheet auszebeuten.

Zu de méigleche Moossnamen, besonnesch géint den Absenteismus, zielen:

– Den éischte Karenzdag am Fall vum Krankeschäin gëtt gestrach, wann en onmëttelbar virum oder nom Ufank oder Schluss vun enger Vakanz am Residenzstaat vum Salarié läit;

– Déi medezinesch Kontroll am Kader vum Statut unique gëtt an Zesummenaarbecht mat den Noperstaate verstäerkt;

– D’Zesummenaarbecht tëscht Aarbechtsmedeziner a Contrôle médical gi verstäerkt.

Economesch Diverzifizéierung

D’ADR wäert d’Ustrengungen an Hibléck op eng economesch Diversifizéierung konsequent weiderféieren. Dëst betrëfft z.B. d’Logistik, d’Geschäftsfligerei am Fluchhafe Findel, d’Informatik, d’Kommunikatiounstechnologien, asw.¨

D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt sech nees méi grouss Industriebetriber zu Lëtzebuerg néierloossen. Dëst setzt awer viraus, datt de Staat, d’Gemengen an d’Bierger d’Virdeeler vun esou enger Reindustrialiséierung erkennen an déi néideg Viraussetzunge schafen.

Bezuelbar a verlässlech Energie fir Stéit a Betriber

Hei gëtt ausdrécklech op de Kapitel Energie a Klimaschutz verwisen.

Wichteg ass, datt d’Stéit an d’Economie op eng méiglechst präiswäert Energieversuergung, op déi Verlooss ass an déi och vun der Quantitéit hier duergeet, ziele kënnen, an dat an alle wichtegen Energieberäicher.

Déi national Spritreservë fir op d’mannst 90 Deeg ginn zouverlässeg um nationale Territoire gelagert. Déi dozou noutwenneg Infrastrukture sollen esou séier wéi méiglech erriicht ginn.

Ënnerstëtzung vun der betribsinterner Fuerschung an Entwécklung

De Staat wäert d’Fuerschungsaarbecht an de Betriber souwuel finanziell wéi och duerch eng enk Zesummenaarbecht mat de staatlechen, wëssenschaftlechen Instituter ënnerstëtzen. D’ADR wäert Betriber, déi a Fuerschung an neien Technologien investéieren, respektiv am Ëmweltberäich aktiv sinn, steierlech begënschtegen.

Op engem staarke Patenteschutz an op d’Sécherheet vun der Propriété intellectuelle gëtt grousse Wäert geluecht.

D’ADR wäert weider drop hiwierken, datt 3% vum Bruttonationalakommes a Fuerschung an Entwécklung fléissen. Lëtzebuerg huet dëst Zil nach net erreecht. Hei sollen déi ugewannte Fuerschung an d’Grondlagefuerschung an de MINT-Beräicher als Basis fir d’Berechnung erugezu ginn.

Ofbau vun de Verwaltungshürden

D’ADR wäert déi administrativ Vereinfachung séier a konsequent weiderféieren an dobäi d’Meenung vun de Betriber berécksichtegen. Konkret Virschléi sinn am Kapitel iwwert d’Fonction publique ze fannen.

Stänneg Verbesserung vun den Infrastrukturen

D’ADR wäert déi national Netzer am Datewiese konsequent ausbauen an um neitste Stand vun der Technik halen. D’Datenzentren an d’Méiglechkeete zum Cloud cumputing gi weider gefërdert an erweidert.

D’Verbindungen tëscht dem Stroossen- an dem Schinnenetz gi verbessert. D’Ubannen un den däitschen ICE-Reseau gëtt ugestrieft. D’Planifikatioun vun enger Zuchstreck op Saarbrécken soll nees opgeholl ginn.

Den Ausbau vum Mäerterter Haff fir d’Ofwécklung vu Container ze erliichtere gëtt ënnerstëtzt. Zesumme mat den anere Länner gëtt de laangfristege Projet vun enger Ubannung un d’Mëttelmier iwwert e Kanal weiderverfollegt.

Besser Schoulen

Déi berufflech Ausbildung gëtt verbessert. Den duale System gëtt konsequent ausgebaut an déi neisten technologesch Entwécklunge gi séier an d’Léierpläng opgeholl.

Déi genee Virstellunge vun der ADR zur Schoulpolitik sinn och an dësem Walprogramm ze fannen.

Freed um Entreprenariat

Lëtzebuerg brauch eng nei Entreprenariatstruktur an eng Freed un der Leeschtung. D’ADR wäert dës Ofbrochstëmmung zum Leitmotiv vun hirer Wirtschaftspolitik maachen.

Fir méi Leit fir eng berufflech Eegestännegkeet ze begeeschteren, ginn déi sozial Rahmebedingunge fir dës Beruffer verbessert. Dëst gëllt z.B. fir de Krankheetsfall, d’Aarbechtslosegkeet a fir noutwenneg Versécherungen, och fir Familljememberen, déi sech un der professionneller Aktivitéit bedeelegen.

D’Entrepreneuren, d’Vertrieder vun de liberale Beruffer, mä och de Konsumenteschutz, gi bei neien, gesetzleche Moossname méi staark konsultéiert.

Steierlech Moossnamen

D’ADR plangt keng Steiererhéijungen, also ausdrécklech och keng fir d’Economie. D’Kompetitivitéit vun den Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn, däerf net duerch Steiererhéijungen ënnergruewe ginn. Fir d’ADR gëllt, wat déi steierlech Belaaschtung betrëfft, de Grondsaz: Esou vill wéi néideg, esou wéineg wéi méiglech. Esou däerf déi steierlech Konkurrenz tëschent de Staaten net dozou féieren, datt d’Entreprisen ze staark vun der Steier befreit ginn.

D’Besteierung vu betribseegene Mëttel, déi zu Investitiounszwecker benotzt ginn, gëtt betribsfrëndlech gestalt.

Betriber brauchen eng einfach, economesch gerecht Steiergesetzgebung, souwéi besonnesch elo eng Besteierung, déi am internationale Verglach konkurrenzfäeg ass.

Mat der ADR gëtt d’Betribsbesteierung esou ugeluecht, datt se d’Rentabilitéit und d’Iwwerliewe vun de Betriber net a Fro stellt. Esou muss z.B. fir mëttelstänneg Entreprisen deenen hir Rekapitaliséierung an d’Bildung vu Provisioune gefërdert ginn.

Betribsgrënnunge ginn ënnerstëtzt, ë.a. duerch eng enk Bezéiung mat der Uni, wann dëst ka vu Virdeel sinn (incubateurs d’entreprise). D’Steiergesetzgebung muss esou ausgeluecht ginn, datt de Grënner vun enger Entreprise ka méi liicht Risikokapital zur Verfügung gestallt ginn.

D’Steierverwaltung muss de Kleng- a Mëttelbetriber bannent 10 Deeg d’TVA zeréckbezuelen, et sief, et géif e begrënnte Verdacht op Bedruch bestoen. Gëtt dës Frist iwwerschratt, muss d’Steierverwaltung Zënse bezuelen.

D’ADR wëll erreechen,  datt d’Entreprisë periodesch eng detalléiert Informatioun iwwert hir Scholden, Creancen a Bezuelunge géigeniwwer staatleche Verwaltungen kréien. Dëst soll erméiglechen, datt Scholde mat Creancë verrechent ginn (netting fiscal).

Betriber, déi an economesche Schwieregkeete sinn, sollte beim Staat e Partner fannen fir, esouwäit et am Kader vum Gesetz méiglech ass, Léisungen ze fannen. All déi betraffe Verwaltunge musse vernetzt zesummeschaffen.

Matbestëmmung an den Entreprisen

D’ADR ass grondsätzlech fir eng gutt a vertrauensvoll Bezéiung tëscht Patronat a Salariat. Si schätzt d’Aarbecht vun de Gewerkschaften an hätt gären, datt d’Salariéen a besonnesch hir Vertrieder och weiderhi rechtlech gutt geschützt sinn. Et kënnt dowéinst net a Fro, datt de Kënnegungsschutz fir Personalvertrieder gelackert gëtt.

D’ADR ass grondsätzlech fir eng Matbestëmmung vun de Salariéen an den Entreprisen. Dat däerf awer net esou wäit goen, datt d’Eegetumsverhältnisser ignoréiert kënne ginn oder déi objektiv Verantwortung oder dat noutwennegt Recht fir Instruktiounen ze ginn ausser Kraaft gesat ginn. D’ADR widdersetzt sech dofir alle radikale Fuerderungen a setzt op e konstruktiven a verantwortlechen Dialog tëscht Patronat a Salariat.

D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt d’Personal duerch steierlech Moossnamen dozou incitéiert gëtt, sech um Betribskapital ze bedeelegen, fir bei wichtegen Entscheedunge fir de Betrib als Actionnairë matentscheeden ze kënnen (actionnariat salarié)

Aarbechtsrecht

D’ADR ass géint prekär Aarbechtsverhältnesser a besteet op de Prinzip vun de Contrats à durée illitée.

Si setzt op d’Mathëllef vun der Wirtschaft bei der Bekämpfung vum Chômage a wäert d’Mataarbecht vun de Betriber an där Hisiicht finanziell ënnerstëtzen.

D’ADR ass prinzipiell der Meenung, datt sech d’Sozialpartner op méi flexibel Reegelunge bei der Aarbechtszäit, beim Congé, asw. sollten eenegen, fir d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ze verbesseren. Si wäert heizou déi néideg, gesetzlech Rahmebedéngunge schafen.

D’ADR besteet awer gläichzäiteg drop, datt Upassungen, déi wéinst der Kris noutwenneg sinn, net zu engem Sozialofbau féieren, deen engem Mëssbrauch géif entspriechen.

Gutt Rahmebedéngunge fir d’Betriber

Fir de Betriber entgéintzekommen, gëtt d’ADR dofir suergen, datt ëmmer genuch a grouss Zones d’activité commerciale a Zones d’activité industrielle zur Verfügung stinn. D’Infrastrukturen, déi vun de Betriber gebraucht ginn, sollen zur Verfügung stoen. De Plan sectoriel iwwert d’Aktivitéitszone gëtt an deem Sënn gestalt. D’ADR wëll och d’Industriezonen, déi schonn do sinn, verstäerkt fir mëttelstänneg Betriber opmaachen. D’Verwaltung vun de Wirtschaftszone soll an enker Zesummenaarbecht mat de Chambres professionnelles an den Utilisateure geschéien.

D’ADR wëll d’Stied an d’Dierfer nees beliewen, andeems gëeegent Immobilien an den Uertschaften zu spezielle Konditiounen un intresséiert Mëttelständler verlount ginn.

De System vun de finanzielle Staatshëllefe gëtt esou wäit wéi méiglech vereinfacht. De Staat soll och Investitioune bei Kleng- a Mëttelbetriber ënnerstëtzen, souwäit se zukunfsverspriechend sinn. D’SNCI soll méi dynamesch ginn.

Fir Logistikbetriber gëtt de Prinzip vun engem Guichet unique ageféiert. All d’Formalitéiten (Steieren, Douane, asw.) solle méiglechst zentral a séier ofgewéckelt ginn.

Agreabel Liewensbedingunge fir Expats (auslännesch Geschäftsleit)

D’ADR wäert déi international, schoulesch Offer, d’Ubanne vu Lëtzebuerg un déi international Verkéierszentren an déi kulturell Offer ëmmer och ënner Berécksichtegung vun den Interessie vun den auslännesche Geschäftsleit zu Lëtzebuerg weiderentwéckelen.

Si wierdegt déi dacks exzeptionell Roll vun dëse Leit fir dat wirtschaftlecht Liewe vun eisem Land.

D’ADR ass der Meenung, datt Lëtzebuerg sech nach méi ëm d’Implantatioun vun auslänneschen Ambassaden a Konsulater soll beméien.

Aktiven Asaz fir Lëtzebuerg als Plattform fir de Commerce

D’Geschäftswelt muss sech kënnen op d’Regierung als Partner bei der Entwécklung vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg verloossen.

D’ADR wäert probéieren, de Commerce intermédiaire, meeschtens iwwer belsch Firmaen, mat deem Lëtzebuerger Betriber dacks ze kämpfen hunn, ofzeschafen.

D’ADR wäert och duerno striewen, Barrièren um Internet ofzebauen. Leider gëtt et nach ëmmer Firmen, déi um Internet keng Bestellungen vu Lëtzebuerg unhuelen oder net wëllen dohinner liwweren. An dësem Beräich kann e Méi un Europa duerchaus sënnvoll sinn. D’Vereenheetlechung vum Handelsrecht ass an dëser Bezéiung sënnvoll.

Lëtzebuerg als Akafszentrum vun der Groussregioun

Fir d’ADR muss Lëtzebuerg nees attraktiv ginn als regionaalt Geschäfts- an Akafszentrum an dëst net nëmme fir Produite mat niddregen Akzisen. Dozou mussen an éischter Linn d’Geschäftsleit selwer suergen, mä de Staat ka mat verschiddene Moossnamen dozou bäidroen.

An éischter Linn mussen all d’Barrièren ofgebaut ginn, déi d’Arichtung vu grousse Geschäftszentren erschwéieren oder souguer onméiglech maachen.

Gläichzäiteg wäert d’ADR de klenge Geschäftsleit iwwert staatlech garantéierte Kreditter an onbürokratesche Léisungen zur Grënnung vu Filialen den Astig a gréissere Geschäftszentren erliichteren.

Genee wéi déi grouss Geschäftszentre mussen d’Stied mat ville Geschäfter iwwert eng koordinnéiert Strategie an e gutt konzipéierte Marketing verfügen. Well dëst aus verschiddene Grënn fir de Privatsecteur schwéier realiséierbar ass, muss hei déi ëffentlech Hand hëllefen, z.B. duerch d’Astelle vu City-Manager. Och aner Rahmebedingunge musse stëmmen, wéi z.B. genuch Parkplazen zu akzeptabele Präisser, fir mat der Konkurrenz op der “grénger Wiss” kënne matzehalen.

A méi klenge Quartieren oder Dierfer, wou d’Geschäftsliewen zum Deel ganz verschwonnen ass, soll déi ëffentlech Hand hëllefe fir kleng Geschäfter, déi Produite fir den deegleche Bedarf ubidden, nees ze implantéieren. Zum Beispill kéinte Gemengen (oder ëffentlech Institutiounen, wéi de Fonds du Logement) Lokaler zu méi gënschtege Bedéngungen zur Verfügung stellen. Sënnvoll wieren e klengen Zentrum mat Geschäfter z.B. fir frësch Produiten, engem Zeitungskiosk, enger Bankfilial, enger klenge Restaurant, enger Apdikt an eventuell och Raimlechkeete fir Dokteren. Esou Raimlechkeete géifen net nëmmen d’Zesummeliewen an den Dierfer an an de klenge Quartiere begënschtegen, mä och hëllefen, kleng Betriber ze schafen.

Als klengt Land, wou déi nächst Grenz an héchstens 20 Minutten ze erreechen ass, muss Lëtzebuerg och steierlech kompetitiv bleiwen. Fir de Staatsbudget bleiwen d’Steierrecetten aus dem Tanktourismus wichteg. D’ADR wäert dofir suergen, datt Akzisen a TVA op Diesel a Benzin, souwéi op aner Produiten, déi op Tankstelle verkaf ginn, an der Groussregioun kompetitiv bleiwen.

Och fir de Commerce a fir d’Handwierk mussen déi steierlech Rahmebedingunge kompetitiv bleiwen. Handwierker a Geschäftsleit sollen d’Clientë besser vun dem niddregen TVA-Taux zu Lëtzebuerg profitéiere loossen, a Leeschtungen a Produiten – wou et méiglech – méi bëlleg ubidden. Dëst géif mat Sécherheet eng méi grouss Clientèle op Lëtzebuerg bréngen, zum Virdeel vun de Geschäftsleit, vun der Beschäftegung an och vun der Staatskeess.

Net nëmmen de Präis, mä och de Service an d’Frëndlechkeet si wichteg Facteure bei der Wiel vun engem Geschäft, respektiv vun engem Geschäftszentrum. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt och d’Salariat am Commerce d’Méiglechkeete vum Congé linguistique benotzen. Vill Lëtzebuerger ginn am léifsten an hirer Nationalsprooch zerwéiert.

Et sollen och, z.B. an Zesummenaarbecht mat der ADEM, verstäerkt Coursen ugebuede ginn, fir datt Clienten nach besser zerwéiert kënne ginn.

D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt Geschäftsleit kënne méi staark wéi bis elo vu méindes bis samschdes fräi iwwert hir Ouvertureszäite verfügen. Dobäi muss, an engem Dialog mat de Gewerkschaften an de Comités d’entreprise, och den Interête vum Salariat Rechnung gedroe ginn.

D’ADR ass awer och der Meenung, datt de Sonndeg prinizipiell der Famill gehéiert, datt e gemeinsame fräien Dag vun der Kohäsioun vun der Gemeinschaft förderlech ass an z.B. de kulturellen a sportlechen Evenementer nëtzt. Dofir wäert d’ADR un der aktueller Gesetzgebung zur Sonndesaarbecht festhalen.

Sinn all d’Rahmebedingunge fir Lëtzebuerg als kompetitive Geschäftszentrum erfëllt, muss de Message och nach no baussen dréngen. Dofir wäert d’ADR d’Mëttel fir d’Promotioun erweideren a weider Plaze vu City-Manager ënnerstëtzen, déi och iwwert eng national Koordinatioun solle verfügen.