1. De Staatsbudget an den Equiliber bréngen

D’ADR wäert d’Scholdepolitik esou séier wéi méiglech, dat heescht wa méiglech direkt, stoppen. Si wäert dëst duerch e besseren Ëmgang mat de Steiergelder a mat Spuermoossnamen erreechen an net duerch Steiererhéijungen, weder bei den direkten, nach bei den indirekte Steieren.

Steiererhéijunge géifen effektiv nëmmen d’Kompetitivitéit vum Land nach weider erofschrauwen. Ausserdeem géifen se d’Kafkraaft vun de Leit diminuéieren an esou héich Verloschter fir de Commerce no sech zéien. Eng Erhéijung vun der TVA wier ausserdeem eng sozial ongerecht Moossnam, déi eleng souwisou bei wäitem net duergeet fir de gewaltegen Defizit auszegläichen.

An dësem ADR-Wahlprogramm si wuel och Virschléi, déi zu punktuelle Steiererliichterunge féieren. Insgesamt däerf et awer zu dësem Zäitpunkt  keng Diminutioun vun de Steierrecettë fir de Staat ginn. Déi integral Ëmsetzbarkeet vum Walprogramm, souwäit déi virgeschloe Moossnamen e finanziellen Aschlag hunn, wäert also vun der Entwécklung vun den ëffentleche Finanzen ofhänken.

D’ADR wäert dorobber hiwierken, datt et keng gesetzlech Bestëmmunge méi gëtt, déi ouni e quasi automatesche Mindestwirtschaftswuesstem iwwert net realiséierbar sinn. E Beispill heifir ass dat neit Pensiounsgesetz, dat e Wirtschaftswuesstem vun 3% pro Joer viraussetzt. Eng verantwortlech Politik muss sech duerch e moderéierte Realismus a finanzielle Froen auszeechnen. Mir däerfen eist Land net zu ëmmer méi Wuesstem zwéngen, fir seng Sozialversécherunge liewensfäeg ze halen. Esou en Zwang zum Wuesstem wier och laangfristeg ganz sécher net am Interêt vun eisem Land.

Sollt d’CSV-Politik weidergefouert ginn, mécht de Staatsdefizit vun 2015 un ëm déi 2 Milliarden Euro pro Joer aus. Och dowéinst riskéiert Lëtzebuerg an der Legislaturperiod, déi elo ufänkt, d’Maastricht-Stabilitéitscritèren net méi ze erfëllen a säin „Triple A“-Rating ze verléieren. Dat däerf ënnert kengen Ëmstänn geschéien!

Lëtzebuerg wäert sech mussen dorunner winnen, datt och hei am Land d’Beem net an den Himmel wuessen. Et däerf net sinn, datt déi politesch Verantwortlech vun haut eng Scholdepolitik zu Laaschte vun den nächste Generatioune maachen. Et féiert dowéinst kee Wee dolaanscht: de Staat muss seng Depensen de verfügbare Recetten upassen. Et däerf net méi sinn, datt d’Depensë méi séier klamme wéi d’Recetten. Dës Tendenz muss schonn am Budget fir 2014 ëmgekéiert ginn.

D’ADR wäert dofir Spuermoossnamen aféieren an dobäi sozial Häerte vermeiden. Begrëffer wéi Selektivitéit a Progressioun mussen dofir bei enger Neiuerdnung vun de Sozialleeschtunge vu kruzialer Bedeitung sinn.

D’ADR wëll eng staatlech Investitiounspolitik op héijem Niveau, mä dës Investitioune mussen och a sënnvolle Beräicher, dat heescht virun allem an Infrastrukturen, déi d’Economie fërderen, getätegt ginn. Beispiller heifir si Verkéiersweeër, Energieversuergung, Kommunikatioun an ugewannte Fuerschung am Interessi vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg. Och am Beräich vun den Investitioune muss d’Politik nees léiere kloer a sënnvoll Prioritéiten ze setzen! Dat dréngendst politescht Zil ass, eng streng Budgetsdisziplin duerchzesetzen. Iwwert déi nächst Legislaturperiod däerf et keen eenzege Staatsbudget méi ginn, deen en Defizit opweist.

D’ADR, sollt si den nächste Finanzminister stellen, géif deementspriechend scho bei der Virstellung vun all eenzelnem Budget e realistesche Budget ouni Defizit virleeën.

Hei géif se dës Methoden a Prinzipien uwennen:

Verstäerkt Kontrollen

All Minister muss säi Budget eenzel an der zoustänneger Chamberkommissioun verdeedegen. Am Endeffekt muss de Budget vun all eenzelnem Ministère fir 2014 op d’mannst ëm 10% géigeniwwer dem Joer virdru reduzéiert ginn. Sollt dës absolut onméiglech schéngen, kënnt et an der Finanzkommissioun vun der Chamber zu engem Equilibrage tëscht eenzelne Budgetsposten. Dës Prozedur wäert esou laang widderholl ginn, bis de Budget ausgeglach ass. Eng Gesamtreduktioun vun den Depensen ëm op d’mannst 10% ass absolut néideg.

D’Kompetenze vun der Cour des comptes gi gestäerkt. D’Cour des comptes gëtt och fir d’Finanzkontroll vun de Gemengen zoustänneg. Bei grousse Posten op der Säit vun den Depensen (iwwert 50 Milliounen Euro) kann d’Cour des comptes schonn am Virfeld vun de parlamentareschen Aarbechten der Chamber hir Iwwerleeungen zur Pertinenz vum Projet an zu den estiméierte Käschte matdeelen. D’Chamber muss dës Stellungname verëffentlechen, ass awer net doru gebonnen.

All Mount gëtt déi genee Finanzsituatioun vum Staat verëffentlecht: Entwécklung vun den Depensen a vun de Recetten, Speisung vun de Fongen, Scholdelaascht, Ausgaben a Recetten, déi nach ustinn, asw.

D’ADR verlaangt méi Kompetenze fir d’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber. Méi dozou am Kapitel iwwert Rechtsstaat an Demokratie.

Andreiwe vu geschëlte Steieren

D’ADR wëll déi aktuell Steiergesetzgebung korrekt a vollstänneg uwennen. Well et hiert Zil ass, wa méiglech ouni Steiererhéijungen de Budget an d’Gläichgewiicht ze kréien, mussen op d’mannst all d’Steieren erhuewen an agedriwwe ginn, déi no der aktueller Gesetzeslag geschëlt sinn.

Déi zoustänneg Verwaltunge mussen dozou an d’Lag versat ginn. Well d’Finanzwiesen zu de Käraufgabe vum Staat gehéiert, widdersetzt sech d’ADR net enger personeller Opstockung vun de Steierverwaltungen, sief et duerch Zougäng aus anere Verwaltungen (changement d’administration), sief et duerch zousätzlech Rekrutéierungen.

Am Kader vun der Neiuerdnung vun de Gesetzer iwwert déi geschäftlech Faillite muss och iwwert den Zäitpunkt an d’Methodologie vun de staatlechen Interventiounen (Finanzverwaltung a Sozialversécherungen) nogeduecht ginn. Dës Verwaltunge musse bei Problemsituatioune fréizäiteg d’Gespréich mat de betraffenen Entreprisë sichen, fir eng koordinéiert, ugemooss a sënnvoll staatlech Aktioun anzeleeden. Heizou si bei der Neifaassung vun der Gesetzgebung iwwert d’Faillite d’Virschléi vun der Finanzverwaltungen ze berücksichtegen.

Déi staatlech Verwaltunge sollen de Bierger a Betriber geschëlte Geldbäiträg, besonnesch beim Zeréckbezuele vun der TVA, méi séier iwwerweisen. Hei soll och d’Verrechnung vu béidsäiteg geschëlte Bäiträg méiglech sinn.

D’ADR ass grondsätzlech géint eng TVA-Erhéijung. D’Erhéijung vun den indirekte Steieren ass vun hirem Wiesen hir besonnesch onsozial. Esou eng Moossnam géif och d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Akafszentrum diminuéieren.

Spuermoossnamen

Vill Reformvirschléi vun der ADR hunn, nieft hirer grousser politescher a sozialer Pertinenz, gläichzäiteg och als Effekt, datt gespuert gëtt. Hir Ëmsetzung ass ëmsou méi dréngend.

– D’ADR-Virschléi zur Rentereform ginn eenzock ëmgesat

– D’ADR-Virschléi zur Familljepolitik ginn och direkt ageféiert. D’Zesummeleeë vu verschiddenen Zoulagen an deenen hir Besteierung schafe gläichzäiteg wichteg an dauerhaft Verbesserunge fir d’Familljen, eng Reduzéierung vum administrativen Opwand a méi sozial Gerechtegkeet.

– D’ADR-Virschléi zur Simplification administrative ginn och duerchgefouert.

– Eng Rei vu geplangten Depensë ginn direkt gestoppt. Heizou zielen:

  • den Tram an der Stad;
  • e.go;
  • falls et vertraglech nach méiglech ass, de Militärtransportfliger;
  • eng Erhéijung vum Punktwäert an der Fonction publique;
  • all Finanzexporter fir Klimaschutzmoossnamen. Deementspriechend Ofkommessen oder Verträg gi gekënnegt.

– Dës Depensë gi drastesch zeréckgeschrauft:

  • D’Entwécklungshëllef gëtt op 0,7% vum Bruttonationalakommes zeréckgesat a gläichzäiteg u lëtzebuergesche Wirtschaftsleeschtunge gebonnen. Mëttelfristeg soll d’Entwécklungshëllef duerch aner politesch Moossnamen zugonschte vun de manner entwéckelte Staaten ersat ginn. Déi humanitär Hëllef (bei Naturkatastrophen, Äerdbiewen, Hongersnéit, Iwwerschwemmungen, asw.) ass net dovu betraff.
  • Déi staatlech Subsidien a Subventioune ginn ouni Ausnam iwwerpréift. Wéinst der Budgetslag musse vill vun hinnen ëm op d’mannst 10% reduzéiert, an e puer Fäll souguer ganz gestrach ginn.
  • Bei Kompensatiounsmoossnamen am Beräich vum Ëmweltschutz ginn déi bëllegst Moossname privilegiéiert;
  • Déi eenzel Ministere solle manner Geld fir Werbecampagnen ausginn. Dovun ausgeschloss sinn d’Gesondheet an d’Verkéierssécherheet.
  • Op europäeschem Niveau wäert sech d’ADR fir eng Reduzéierung vun de Kompetenze vun der EU asetzen. Dës Entwécklung muss logescherweis eng däitlecher Reduzéierung vum EU-Budget an domadder vum Lëtzebuerger Bäitrag zu deem Budget mat sech bréngen.

– Aner Depensë ginn nei verhandelt, respektiv gesetzlech gereegelt. Heizou zielen:

  • D’Bäiträg vu Lëtzebuerg fir international Organisatioune mussen an Zukunft deenen entspriechen, déi och aner Staate mat enger vergläichbarer Gréisst leeschten.
  • D’Finanzéierung vun de reliéise Gemeinschaften iwwert den Otto per mille.
  • D’Sozialpolitik gëtt méi selektiv gestalt.
  • De Contrôle technique bei Autoe kann zum Deel och vu private Fournisseuren ënner staatlecher Kontroll duerchgeféiert ginn.
  • D’Assistance judiciaire gëtt streng gereegelt.
  • De Kampf géint de Mëssbrauch, besonnesch an de Sozialsystemer, gëtt verstäerkt, z.B. bei fiktiven  Aarbechtsverträg oder am Asylrecht.

– D’Geldverschwendung gëtt bekämpft. De Staat an d’Gemenge mussen déi ëffentlech Gelder „en bon père de famille“ verwalten.

  • Bei der nächster Verfassungsrevisioun gëtt eng Scholdebrems an d’Constitutioun ageschriwwen.
  • D’Verwennung vu Crédits non limitatifs oder Crédits sans distinction d’exercice gëtt esou gereegelt, datt se net méi engem kënstleche Friséiere vum Staatsbudget kënnen déngen;
  • Bei ëffentleche Bauprojete gëtt verstäerkt op d’Funktionalitéit gekuckt. Op onnéideg deier Materialien oder architektonesch Elementer gëtt an Zukunft verzicht.
  • Am Gesondheetssecteur gi verstäerkt Synergien tëscht de Spideeler, respektiv Klinicke erbäigefouert.
  • D’Budgetsreegele vum Staats ginn esou iwwerschafft, datt d’Verwaltungen sech net méi genéidegt fillen, all hir Mëttel bis zum Schluss vum Joer auszeginn.