Walbedeelegung vun Auslandslëtzebuerger: méi wéi geréng!

Beim éischten Tour vun de franséische Presidentschaftswale ginn all d’Fransousen op der Welt opgeruff, hiren neie Staatschef ze wielen. Zu Lëtzebuerg wunne ronn 48.500 Fransousen, vun deenen der 13.368 hir Stëmm fir d’Wiel vum Chef vun hirem Land an de Foireshalen ofginn hunn. Bei de leschte Chamberwalen 2018 waren och all d’Lëtzebuerger op der ganzer Welt opgeruff, hiert Parlament ze wielen. Vun deene ronn 100.000 Auslandslëtzebuerger haten der awer nëmmen 1.529 ee Walziedel ugefrot! Wéi erkläert sech d’Regierung dës extreem niddreg Walbedeelegung vun den Auslandslëtzebuerger?

Deel dëse Post: