Waffegewalt am Vergläich

Den 13. November 2015 goufen zu Paräis 129 Leit vun islamisteschen Terroristen ëmbruecht. Fir hir Attentater hunn dës op verschidde Waffen zeréckgeraff, déi Privatleit streng verbuede sinn, wéi Handgranaten a Kalaschnnikow-Gewierer. Mee amplaz iwwert eng, ënner sou Ëmstänn drengend benéidegt Liberaliséierungen nozedenken ass der EU-Kommissioun ënner Féirung vun hirem President Jean-Claude Juncker (CSV) näischt besseres agefal, wéi eng Direktiv op de Wee ze bréngen, déi privat Waffebesëtzer nach weider soll dirängelen. Mat deenen neie Reegelen halen d’Terroristen sech jo da bestëmmt och un d’Waffegesetzer. Et stellt sech also d’Fro, wéi vill Strofdoten wärend de leschte Joren da lo tatsächlech mat legalen a wéi vill mat illegale Waffe verübt goufen.

Deel dëse Post: