Wäert Lëtzebuerg Russland bei der Terrorismus-Bekämpfung hëllefen?

Bei engem rezenten Telefonsgespréich tëscht dem franséische Verdeedegungsminister Lecornu a sengem russeschen Homolog Schoigu ass et angeblech och ëm d’Terror-Attack gaangen, bei där a Russland iwwer 130 Mënschen ëm d’Liewe koumen. Dozou huet de Fernand Kartheiser e puer Froen un eis Regierung:

Fro:

De 4. Abrëll 2024 huet de franséische Verdeedegungsminister, den Här Sébastien Lecornu, säi russeschen Homolog, den Här Sergej Schoigu, ugeruff. No den Echoen, déi een an der Tëschenzäit iwwer dat Gespréich ka kréien, wollt den Här Lecornu virun allem dës Sujeten uschwätzen:

  • d‘Méiglechkeet, fir de Konflikt an der Ukrain op de Linne vu virun der russescher „Spezieller Militäroperatioun“ „anzefréieren“;
  • déi russesch Reaktioun op eng eventuell Presenz vu franséischen, respektiv westlechen Truppen um Staatsgebitt vun der Ukrain.

Doniewent gouf och iwwer dat rezent terroristescht Attentat zu Moskau geschwat.

An deem Zesummenhank wollt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • War den Uruff vum Här Lecornu eng reng franséisch Initiativ oder war déi Lëtzebuerger Regierung am Kader vun der EU oder der NATO am Virfeld informéiert oder consultéiert ginn?
  • Gouf déi Lëtzebuerger Regierung no dem Gespréich iwwer d’Resultater informéiert?
  • Wéi schätzt déi Lëtzebuerger Regierung dës diplomatesch Initiativ vu Frankräich an? Wat bedeit si fir déi Lëtzebuerger Politik am Kontext vum Krich an der Ukrain?
  • Ass déi Lëtzebuerger Regierung bereet, fir mat der russescher Regierung bei der Bekämpfung vum Terrorismus zesummenzeschaffen?

 

 

Deel dëse Post: