Wäert d’Max-Planck-Institut Lëtzebuerg och an Zukunft sou heeschen?

D’Max-Planck-Institut war a leschter Zäit wéinst interne Problemer oft an de Medien. De Fred Keup freet den Héichschoulminister, wéi et mat deem Fuerschungsinstitut no 2026 weidergeet.

Fro:

Den Héichschoulministère hat den 20. September 2022 annoncéiert, datt déi lafend Verträg mam Max-Planck-Institut (MPI) fir Prozessrecht no 2026 nemméi verlängert solle ginn an datt d’Institut als Deel vun der Universitéit Lëtzebuerg fortbestoe soll.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wat geschitt no 2026 mam Joresbudget vum MPI (10 Mio. Euro), dee bis elo integral vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert gouf?
  • Ass mat der Münchner MPI-Zentral ofgeschwat ginn, datt den „Trademark“-Numm „Max Planck Institut“ no 2026 bäibehale ka ginn? Wa jo, gouf dës Vereinbarung vun der MPI-Zentral u Konditioune gebonnen? Wann nee, firwat ass dat net gemaach ginn?
  • Ginn et Zousécherunge vun der Uni Lëtzebuerg, datt d‘MPI no 2026 hir Fuerschungsfräiheet bäibehale kann, och wa se hir Existenz als eegestänneg akademesch Ariichtung verluer wäert hunn?

 

Deel dëse Post: