Waasser ass e Mënscherecht!

Wasser

D’Waasser leeft biergof, mä beim Waasserpräis geet et nëmmen an eng Richtung: no uewen! Nodeems, ënnert dem Deckmantel vun enger europäescher Direktiv, d’Gesetz vun 2008 iwwert d’Waasser d’Präisser eng éischt Kéier an d’Luucht gedriwwen huet, versprécht dem Inneminister säin Eenheetspräis net nëmmen eng weider Verdeierung fir méi wéi 80% vun den Awunner, mä och d’Méiglechkeet vun enger Privatiséierung. D’ADR erënnert all politesch Responsabel, datt proppert Drénkwaasser keng Wuer ass, mä zu den absolute Grondrechter vum Mënsch zielt, an ënnerstëtzt dowéinst déi Europäesch Biergerinitiativ „Wasser ist ein Menschenrecht“. D’ADR erënnert och un hir Fuerderung, de Leit eng bestëmmte Quantitéit Waasser pro Kapp gratis ze liwweren.

Eng europäesch Direktiv huet missen duerhalen, wéi d’Waassergesetz am Joer 2008 d’Chamber passéiert huet. De Käschtendeckungsprinzip huet deemools mat sech bruecht, datt d’Waasser- an Ofwaassertaxen erhéicht goufen. Dës Haussë sinn iwwregens am Index neutraliséiert ginn. D’ADR huet deemools géint dëst Gesetz gestëmmt. Waasser ass e liewenswichtegt Gutt, op dat kee Bierger verzichte kann.

Spéitstens zënter der leschter Ried zur Lag vun der Natioun ass et kee Geheimnis méi, datt d’Regierung plangt an deem Beräich nach méi wäit an déi falsch Richtung ze goen. Am Inneministère gëtt haart iwwert en Eenheetspräis nogeduecht, duerch deen de Käschtepunkt fir d’Waasser géif fir méi wéi 80% vun den Awunner an d’Luucht goen. Och hei wäert d’ADR net matmaachen!

Mam eenheetleche Waasserpräis a mat der Grënnung vun enger nationaler Agence, déi an deem Kontext virgesinn ass, mécht den Inneminister all d’Dieren op fir eng Privatiséierung. D’Waasserversuergung muss awer an der ëffentlecher Hand bleiwen!

D’ADR huet schonns bei de leschte Gemengewalen gefuerdert, datt pro Kapp a pro Joer déi éischt 30 Fudder Waasser musse gratis sinn. Dëst ass och eng sënnvoll a sozial Mesure. Doriwwer eraus muss och op déi speziell Situatioun vun de Baueren an den Hôteliere Rücksicht geholl ginn.

Net nëmmen um nationalen, mä och um europäesche Plang gëtt eng Waasserpolitik bedriwwen, déi net der ADR hir Zoustëmmung fënnt. Dofir fuerdert d’ADR hir Memberen a Sympathisanten – an doriwwer eraus all Awunner zu Lëtzebuerg – op, déi Europäesch Biergerinitiativ „Wasser ist ein Menschenrecht“ z’ënnerstëtzen (https://right2water.eu/). Mat enger Petitioun hunn d’Bierger d’Méiglechkeet, dës Problematik op déi europäesch politesch Agenda ze setzen. Et mussen eng Millioun Ënnerschrëften aus op d’mannst siwe verschiddenen EU-Staate gesammelt ginn, vun deenen der 4500 musse vu Lëtzebuerg sinn, fir datt et als eent vun deene Länner matgezielt gëtt.

Deel dëse Post: