Wa Politiker hiert eegent Vollek fäerten!

A senger Carte Blanche op RTL, iwwert de Verfassungsreferendum, befaasst sech de Gast Gibéryen mat der Fro, wéi wäit d’Gambia-Parteien an d’CSV kënne goen, wa si Angscht virun hirem eegene Vollek hunn!

Déi rezent Diskussiounen iwwert e Referendum am Zesummenhang mat der Verfassungsreform weisen, zu wat Politiker fäeg sinn, wa si Angscht virun hirem eegene Vollek hunn.

Virun de Wale krut d‘Vollek e Referendum, dee vun der Chamber decidéiert sollt ginn, versprach, an no de Wale gouf dëst Versprieche gebrach. Elo awer wëll eng Majoritéit vum Vollek ee Referendum, an dat ass elo nach just méiglech, wa 25.000 walberechtegt Bierger eng Petitioun op hir Gemeng ënnerschreiwe ginn.

D’Gambia-Parteien, zesumme mat der CSV, déi hiert Walversprieche gebrach hunn, wëllen och dëse Referendum verhënneren, an zu dësem Zweck sinn hinnen all Mëttele recht.

1. Fir d‘éischt gëtt d‘Verfassung a véier Kapitelen opgedeelt, wat näischt Aussergewéinleches ass, mä eng normal Reegel bei ville Gesetzer ass. Aussergewéinlech ass awer, dass déi véier Kapitele bewosst zäitlech versat an der Chamber diskutéiert a gestëmmt ginn, an dass d‘Wieler doduerch elo 4-mol zu 25.000 mussen op d‘Gemeng goen. An eleng aus där Ursaach – eng Schikan fir d’Bierger – ass d‘Verfassung a véier gedeelt ginn.

2. Bei de Chamberpetitioune kënnen d‘Leit sech online aschreiwen, d’Gambia-Parteien an d‘CSV hunn an der Chamber awer géint eng Gesetzespropositioun gestëmmt, duerch déi d‘Wieler d‘Méiglechkeet kriten, sech och bei der Gemengepetitioun online anzeschreiwen. Heiduerch kréie vill eeler Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn oder net mobil sinn, hiert Recht geholl, fir sech anzeschreiwen, awer och Leit, déi krank sinn, am Ausland schaffen, an der Vakanz sinn oder studéieren. All si kréien dëst Recht geholl. Ob dofir dës Bestëmmunge verfassungskonform sinn, ass eng aner Fro.

3. A well all dëst nach net genuch ass, erpresst de President vun der Institutiounekommissioun aus der Chamber, de Mars Di Bartolomeo, elo och nach d’Leit, wann hie seet, dass an der neier Verfassung d‘Lëtzebuerger Sprooch verankert géif ginn an, dass, wann hire Verfassungstext géif verworf ginn, et beim aktuellen Text bleiwe géif. Dëst ass eng net akzeptabel Erpressung.

Hei kritt d‘Vollek gesot: Dir hutt dat unzehuelen, wat mir Iech virschreiwen, soss kritt der näischt!

Neen, Här Di Bartolomeo, eng Demokratie funktionéiert anescht!

Hei decidéiert net d’Politik, mä d’Vollek, wat an eng, jo hir Verfassung stoe kënnt.

Mir si wäit hei zu Lëtzebuerg komm, an déi eenzeg Fro, déi ech mir nach stellen, ass: Sinn d‘Lëtzebuerger esou gläichgülteg ginn a loosse sech awer och wierklech alles gefalen? Oder wéini soe se: „ELO GEET ET DUER!“

Deel dëse Post: