Wa Leit op der Aarbecht diskriminéiert ginn …

Et war e groussen Thema an de soziale Medien. Am Hëllefs, Fleeg- a Sozialsekteur hu Leit Congésdeeg gestrach kritt. Leit mat engem ATI (activité temporaire indemnisée), déi also vum Solidaritéitsfong bezuelt ginn, deen och d’patroonal Charge iwwerhëllt. Si kaschten also d’Betriber, wou si sinn, kee Su. De Gast Gibéryen huet an enger parlamentarescher Fro den Aarbechtsminister ëm Stellung gebieden. Well et ass de Kollektivvertrag vum Sekteur, deen hien “d’obligation générale” erkläert huet, vun deem dës Leit ausgeschloss gi sinn. Doduerch hu si ee vun deene wéinege Virdeeler verluer, deen de Vertrag hinne garantéiert huet … e puer Deeg Congé méi wéi déi legal 25 Deeg. Bezuelt ginn d’Leit an dëser Mesure mam onqualifizéierte Mindestloun. 

Deel dëse Post: