D’Mëssstänn bei der Police si grouss an de grénge Minister Kox weist kee Versteesdemech fir d’Uleiesse vun de Polizisten a vun der Personalvertriedung. An d’Lëscht vun den Uleiessen ass grouss: Karriäre bei der Police, Primme bei der Police, Rechtsbäistand vun de Policebeamten, Kannerversuergung vu de Polizisten, Formatioun vun de Polizisten, Printerkonzept bei der Police, Ekipement mat Camionetten a Lap-Top’e bei der Police, Problemer bei der Friemepolice a weider Uleiessen aus dem Polizei-Alldag.
Dowéinst huet den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser de 7. Mäerz 2023 eng Interpellatioun iwwert d’Police ugefrot, wou hien am Detail op déi eenzel Mëssstänn ageet a konkret Léisungsvirschléi a Form vun néng Motioune proposéiert. Et ass derwäert bis eranzelauschteren…
Hei fannt Dir déi néng Motiounen:
- Motioun iwwert d’Karriäre bei der Police
- Motioun iwwert d’Primme bei der Police
- Motioun iwwert de Rechstbäistand fir Police-Beamten
- Motioun iwwert d’Kannerversuergung vun de Police-Beamten
- Motioun iwwert d’Formatioun vun de Polizisten
- Motioun iwwert d’Printerkonzept bei der Police
- Motioun iwwert d’Cammionette bei der Police
- Motioun iwwert den Ekipement mat Lapt-Top’e bei der Police
- Motioun iwwert d’Friemepolice