“Vivre ensemble”: firwat net a Buchform?

D’Kandidate fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit mussen de Cours “Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg” besichen. Fir sech virzebereeden, gëtt et eng Rëtsch Online-Referenzen. Dat geet dem Fernand Kartheiser net duer: An enger parlamentarescher Fro wëll hie wëssen, op de Ministère net drun denkt, de Kandidaten d’Liewe méi liicht ze maachen an e Buch oder eng Textsammlung erauszeginn.

Deel dëse Post: