Visa-Verbot fir russesch Touristen?

Verschidden EU-Memberstaaten hu wéinst dem Krich an der Ukrain eng Visa-Blockad fir russesch Touristen an d’Spill bruecht. Estland, Lettland, Finnland an déi Tschechesch Republik hunn hir Areesebestëmmunge fir russesch Touriste verschäerft an zum Deel begrenzt Visasperren agefouert oder ugekënnegt. Elo schonns ass et fir russesch Staatsbierger méi schwéier, an d’EU anzereesen, well de Fluchverkéier tëscht der EU an der Russescher Federatioun agestallt ass. Wéi positionéiert sech déi Lëtzebuerger Regierung zu Fuerderungen, russeschen Touriste keng Visa méi auszestellen, bzw. hir Arees an d’EU vun diverse Konditiounen ofhängeg ze maachen?

Deel dëse Post: