Am Kontext vun enger Petitioun vun der Elterevereenegung vun der Primärschoul zu Dummeldeng huet de Fred Keup e puer Froen un de Schoulminister.
Fro:
De 15. Januar 2026 huet d’Elterevereenegung vun der Primärschoul zu Dummeldeng eng ëffentlech Petitioun lancéiert, an där et ënner anerem heescht:
« Nous, parents des enfants fréquentant l’école fondamentale de Dommeldange, nous adressons à vous car la situation actuelle au sein de notre école n’est plus acceptable.
Les enfants et les enseignants sont quotidiennement exposés à la violence, à des comportements agressifs et à de graves perturbations. La peur et l’instabilité font désormais partie du quotidien scolaire. Il ne s’agit ni d’un problème temporaire ni d’un cas isolé, mais d’un problème structurel et systémique persistant, qui continue d’être toléré.
Cette situation porte atteinte aux droits fondamentaux des enfants, notamment à leur droit à l’intégrité physique et psychologique ainsi qu’à l’éducation. Les cours sont régulièrement perturbés, entraînant un retard scolaire pour les élèves, et beaucoup subissent une détresse psychologique importante en étant témoins ou victimes de violence. Parallèlement, les enseignants sont soumis à une pression constante et ne disposent pas de moyens efficaces pour réagir de manière appropriée.
Le personnel enseignant est engagé et travaille avec un dévouement total, mais il a besoin des moyens et des ressources nécessaires. Les enseignants respectent les procédures en vigueur, signalent les incidents et agissent dans le cadre d’une marge de manœuvre très limitée. Même des comportements graves restent souvent sans conséquences notables. Cela est profondément alarmant. Les autorités sont pleinement conscientes de ces difficultés, mais les causes profondes demeurent non traitées. »
A weider: « Une intervention de crise de la police a récemment eu lieu à l’école. Même si une telle intervention peut être nécessaire dans certains cas, la question se pose de savoir si cela est destiné à devenir la nouvelle normalité dans les écoles luxembourgeoises. »
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister eis am Detail erklären, wat an der Primärschoul zu Dummeldeng virgefall ass, fir datt et zu esou enger alarméierender Petitioun komm ass?
- Aus wéi enge konkrete Grënn koum et zu enger Interventioun vun der Police an dëser Schoul?
- Iwwer wéi eng Informatioune verfüügt de Ministère, wat d’Zuel u Personal an dëser Schoul ugeet? Kann een hei vun engem Manktem u Personal ausgoen?
- Wéi gedenkt de Ministère déi fir d’Elteren inakzeptabel Situatioun ze verbesseren?
- Sinn dem Ministère änlech Virfäll an anere Primärschoule vum Land bekannt? Wa jo, wat gedenkt de Ministère an de betreffende Fäll ze ënnerhuelen?
Äntwert:
- Aus Grënn vun der Confidentialitéit an der Protektioun vun de betraffene Mineure ka mäi Ministère keng Detailer zu spezifeschen Eenzelfäll kommunizéieren. Et kann awer festgehale ginn, datt vereenzelt Incidenten, an déi virun allem zwee Kanner mat Verhalensopfällegkeeten implizéiert waren, an der Primärschoul zu Dummeldeng zu der Petitioun gefouert hunn.
- D’Interventioun vun der Police ass an dem ënner 1) beschriwwene Kader geschitt.
- Déi lokal a regional Acteuren hunn an dësem Zesummenhang eng Rei vu koordinéierten a verstäerkte Mesuren an d’Weeër geleet, fir eng adequat Betreiung vun de Schüler ze garantéieren, enger Eskalatioun vu Konfliktsituatiounen entgéintzewierken an erëm e nohalteg rouegt a séchert
Schoulklima hierzestellen. Aktuell goufen ënner anerem follgend Mesuren ëmgesat: Dat ganzt Léier- an Erzéiungspersonal hëlt u Formatioune fir Deseskalatiounstechniken a Klassemanagement deel. Bei all Tëschefall am Zesummenhang mat Aggressioun, Gewalt oder enger schwéierer Stéierung vum Schoulalldag ginn d’Elteren direkt a proaktiv informéiert. Zousätzlech gouf e schrëftlechen, detailléierten Aktiounsplang ausgeschafft, an deem weider Schrëtt festgehale sinn, fir d’Sécherheet an e funktionellt Léierëmfeld dauerhaft ze garantéieren. An der Schoul ass systematesch e qualifizéierte Schoulpsycholog present, deen d’Schüler psychoemotional begleet an déi pädagogesch Ekippen an der Analys an an der Gestioun vu sensibele Situatiounen ënnerstëtzt. Zousätzlech gouf eng Educatrice graduée zur Verfügung gestallt, déi prioritär de sozio-emotionale Suivi vun de betraffene Kanner iwwerhëlt. Ausserdeem goufen d’Stonnen, déi fir d’Interventioun vun engem Instituteur spécialisé dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques (I EBS) virgesi waren, bedéngt duerch d’Erausfuerderungen, déi sech wéinst der sozio-ekonomescher a sozio-kultureller Zesummesetzung vun der Schoulpopulatioun erginn, erhéicht. Zanter dem Dezember 2024 gëtt den I-EBS duerch een Assistant pour élèves à besoins éducatifs spécifiques (A-EBS) ënnerstëtzt, dëst fir déi deeglech Begleedung vu Kanner mat besonneschem Ënnerstëtzungsbedarf weider ze stäerken.
Donieft goufen en zousätzleche Vollzäitenseignantsposten, deen eng spezifesch pädagogesch Ekipp nohalteg ënnerstëtzt, an ee weideren zousätzlechen Enseignantsposte geschaf, deen zwee Deeg pro Woch flexibel jee no identifizéierte Besoinen agesat ka ginn. Et ass wichteg ze betounen, datt de Schoulcomité an dat betraffent Léierpersonal an engem permanenten Austausch mat der Regionaldirektioun stoungen. D’Situatioun gouf reegelméisseg evaluéiert, fir op eventuell bestoend oder nei optriedend Problemer kënnen ze reagéieren. - Well um lokalen an um regionalen Niveau schonn eng verstäerkt Prise en charge vun de betraffene Schüler ëmgesat gouf, ouni datt dëst zu enger nohalteger Entlaaschtung vun der Situatioun geféiert huet, ginn aktuell weider strukturell Moossnamen ageleet. Wat déi betraffe Schüler ugeet, ass aktuell eng Offer vu spezialiséierter Beschoulung an Ausaarbechtung, esou datt si d’Grondschoul zu Dummeldeng an noer Zukunft wäerte verloossen, fir an engem méi ugepasste Kader encadréiert ze ginn. Aus Grënn vun der Confidentialitéit vun den individuellen Dossieren an der Protektioun vun de Mineure kann de Ministère keng detailléiert Informatiounen zu eenzelne Situatioune kommunizéieren.
- De Ministère ass aktuell an engem Dialogprozess engagéiert mat wichtege Schoulpartner, fir sech e genaut Bild vun der aktueller Situatioun ze maachen. D’Conclusiounen aus dësem Prozess wäerten an deene kommende Méint virgestallt ginn.
Foto Copyright: Ville de Luxembourg