Vill oppe Froe beim 5G

An der Diskussioun ëm de 5G betount den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser, datt et net zu enger digitaler Fraktur kommen däerf, wou mir all déi Leit op der Streck loossen, déi net esou vertraut si mat den technologeschen Neierungen. D’ADR huet iwwerdeems am Hibléck op de 5G-Reseau eng ganz Rei u parlamentaresche Froe gestallt, virun allem am Hibléck op méiglech negativ Aflëss op d’Gesondheet vu Mënsch an Déier – Froen, déi vun der Regierung leider net zefriddestellend beäntwert goufen. D’ADR, déi prinzipiell oppe fir nei Technologien ass, huet sech awer aus deene genannte Grënn beim Gesetzesprojet enthalen.

Deel dëse Post: