Froen an Äntwerten zu den Asylprozeduren

Lëtzebuerg ass wéi de Rescht vun Europa konfrontéiert matt er Migratiounswell aus Afrika. Dobäi gëtt et an der Lëtzebuerger Asylprozedur eng ganz Rëtsch Schwaachpunkten, déi fir eng héich Belaaschtung vun der Verwaltung a vun de Geriichter suergen. An deem Kontext huet den Deputéierte Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. Net manner wéi 18 Punkten, déi Prozeduren onnéideg verlängeren, ginn doran ugeschwat.

Aus der Äntwert vun der Regierung geet ënner anerem ervir:

  • D’finanzielle Belaaschtung, an den aktuellen Hypotheesen, belafen sech op 27 Milliounen Euro fir 2015 an 45 Milliounen fir 2016
  • Momentan sinn 2.270 Leit an de Strukturen vum OLAI ënnerbruecht, dovunner eppes méi wéi 600 Demandeuren, deenen hir Prozedur ofgeschloss a fir déi de Statut vum Réfugié ofgeleent gouf.
  • Bis den 30. September 2015 si 589 Leit deboutéiert ginn. Dovun sinn der 462 fräiwëlleg heemgaangen, an 127 am Kader vun engem forcéiertem Retour
Deel dëse Post: