Vetternwirtschaft am Schoulministère?

Wéi et schéngt, gëtt de Schoulminister net alles gewuer, wat a sengen Etagë leeft, besonnesch beim CGIE. De Fred Keup freet no.

Fro:

Am „REPORTER“-Artikel „Family business im Bildungsministerium“ vum 30. Mäerz 2023 heescht et am Zesummenhank mam „e-Bichelchen“, enger App, déi säit September 2022 an de Primärschoulen an enger Pilotphas genotzt gëtt, datt den Optrag fir d’Entwécklung vun dëser Software 2022 vum „Centre de gestion informatique de l’éducation“ (CGIE) un de Jong vum stellvertriedenden Direkter vum CGIE erdeelt gouf an datt de Leschtgenannten am Virfeld vun dëser Decisioun bei sengem direkte Virgesetzte Bedenke géint „einen potenziellen Interessenkonflikt“ ugemellt huet. Et liest ee weider: „CGIE-Direktor Daniel Weiler informierte allerdings weder das Kabinett des Ministers noch Claude Meisch selbst über den Interessenkonflikt seines Stellvertreters. Mehr noch: In den obersten Etagen des Ministeriums wurde man nicht darüber in Kenntnis gesetzt, dass die Software nicht vom CGIE, sondern von einem externen Dienstleister hergestellt wurde.“

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister d’Grënn nennen, firwat de CGIE-Direkter säi Virgesetzten net iwwer den Interessekonflikt vu sengem Stellvertrieder a Kenntnis gesat huet?
  • Kann den Här Minister Informatiounen iwwer eventuell intern Konsequenze betreffend d’Feelverhale vum CGIE-Direkter ginn?
  • Huet den Här Minister en Abléck an déi aner Opträg, déi de CGIE an de leschten zwee Joer erdeelt huet? Wa jo, kann den Här Minister preziséieren, ëm wéi eng Opträg et sech dobäi handelt an u wéi eng Firmen déi Opträg vergi goufen?

Äntwert:

Ad 1)
Wéi schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 7868 erkläert, huet de CGIE-Direkter zu
kengem Moment en Interessekonflikt gesinn, well de Stellvertrieder vum CGIE-Direkter zu kengem
Moment an den Entscheedungsprozess mat agebonne war.
Ad 2)
Et steet mir net zou, méiglech intern Demarchen a personell Konsequenze fir e Beamten oder Employé
ëffentlech ze maachen.
Ad 3)
D’Software-Entwécklung vum CGIE gëtt ausschliisslech “inhouse” vun der Entwécklungsequipe vum
CGIE gemaach, ausser wann eng Urgence virläit a kuerzfristeg keng intern Ressourcen disponibel sinn,
oder de CGIE net iwwer déi néideg Kompetenze verfüügt. Dëst ass an de leschten zwee Joer just an
dëse Fäll gemaach ginn:
2021
• Integration SMS (School Management System) fir international Schoulen duerch d’Firma MySchool
Limited (Malta)
• Weiderentwécklung vun der Applikatioun Untis Centralzur Berechnung vun den Iwwerstonne vun
den Enseignanten am ES duerch d’Firma Untis GmbH (Eisträich)
2022
• Entwécklung vun der Applikatioun e-Bichelchen fir d’Hausaufgabenhëllef vum Fondamental
duerch d’Firma Apporix (Lëtzebuerg)
• Mobile App Entwécklung vun engem Messenger baséierend op open source Matrix Protokoll (POC
fir iOS + Android) duerch d’Firma Ungleich glarus ag (Schwäiz)
• Weiderentwécklung vun der Applikatioun Untis Centralzur Berechnung vun den Iwwerstonne vun
den Enseignanten am ES duerch d’Firma Untis GmbH (Eisträich)

 

 

Deel dëse Post: