Versuergungssécherheet fir Lëtzebuerg

Dat Schwäizer Bundesamt für Bevölkerungsschutz huet 44 Gefärdungen am Hibléck op hiert Schuedpotenzial wéi och op hir Antrëttswarscheinlechkeet analyséiert. Dës Etude identifizéiert ee gravéierende Stroummanktem am Wanter, eng Influenza-Pandemie an e Blackout am Mobilfunknetz als déi dräi gréisst Geforen. Déi wirtschaftlech Konsequenze vun engem Stroumausfall besonnesch am Wanter ginn als besonnesch héich agestuuft. Am Hibléck op dës wëssenschaftlech Etude, awer och op d’Tatsaach, datt eis dräi Nopeschlänner, vun deene mir energiepolitesch ofhängeg sinn, an deenen nächste Jore grouss Deeler vun hirer Atom- a Kuelekraaftwierkskapazitéit ofbauen, stellt sech d’Fro: Wéi gesäit et mat der zukünfteger Versuergungssécherheet fir eist Land aus?

Deel dëse Post: