Verstoen, firwat d’CMCM steet!

D'”Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste” (CMCM) schafft am Interêt vum Vollek, esou de Fabio Secci, Generaldirekter vun der CMCM, an enger Entrevue mat der ADR vum 10. Mee. Oft ginn d’Aufgabe vun der CMCM an der Ëffentlechkeet falsch verstanen, esou de Fabio Secci weider: D’CMCM ass keng Versécherungsgesellschaft a huet deemno kee « but lucratif ». De Fabio Secci betount weiderhin, datt d’CMCM net just – wéi dat bei private Versécherungsgesellschaften oft de Fall ass – jonk a gesond Persounen unhëlt. Iwwert 50 Milliounen Euro ginn all Joer vun der CMCM fir medezinesch Prestatiounen ausbezuelt. D’ADR, vertrueden duerch de Süd-Deputéierte Gast Gibéryen wäert déi viséiert gesetzlech Ännerungen am Mutualitéitegesetz genau ënnert Lupp huele fir sécherzestellen, datt d’CMCM och weiderhi mat héijer Qualitéit am Interêt vum Vollek ka funktionéieren.

Deel dëse Post: