Verletzt Lëtzebuerg international Obligatiounen am Sécherheetsberäich?

D’Personalvertriedung vum SREL huet an enger Pressematdeelung op Faiten higewisen, wou Lëtzebuerg seng international Obligatiounen am Sécherheetsberäich net géing respektéieren. Esou soll de SREL net den néidegen Accès op d’Policedatebank (partie documentaire) hunn, fir d’Enquêtes de sécurité konform zum „Accord de sécurité“ vun der NATO duerchzeféieren.

De Fernand Kartheiser wëllt et genau wëssen a freet beim Premierminister no. Schliisslech ass et wichteg, datt den Zougang fir Lëtzebuerg zu Informatiounen, déi fir eis Diplomatie, eis Sécherheet an eis Ekonomie extrem wichteg sinn, net op d’Spill gesat ginn.

 

Deel dëse Post: