Verléiert eis Arméi e Stéck vun hirer Identitéit?

Soll d’Camouflage-Gezei vun der Lëtzebuerger Arméi dem amerikanesche Modell ugepasst ginn a verléiert d’Arméi doduerch e Stéck vun hirer Identitéit?  De Fernand Kartheiser freet no!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Arméisminister weiderzeleeden.

D’Lëtzebuerger Arméi hat bis elo hiert Camouflage-Gezei an Eegeregie entwéckelt, och wann dëst a Punkto Faarf a Musterung vum finnesche Militär inspiréiert war. National Symboler, ewéi de roude Léiw an/oder d’Kontur vum Lëtzebuerger Land, ware bis elo an de Camouflage vun den Drillicher integréiert.

Elo soll, esou gëtt gesot, dëse Camouflage duerch den amerikanesche Multicam-Camouflage ersat ginn. Nodeems och déi belsch Arméi – no den Hollänner an de Britten – den amerikanesche Multicam-Camouflage agefouert huet, zitt déi Lëtzebuerger Arméi elo no. Aus Arméi-Kreesser heescht et awer, datt dës nei Tarnung sech der Lëtzebuerger Natur schlecht upasst, och wëll se vill ze hell ass. Iwwerdeems stellt sech d’Fro, ob déi Lëtzebuerger Arméi duerch d’Aféiere vum amerikanesche Multicam-Camouflage net och en Deel vun hirer Identitéit verléiert.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Arméisminister:

  1. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt de Camouflage vun der Lëtzebuerger Arméi soll geännert ginn? Wann jo, firwat?
  2. Bleiwen déi national Symboler, ewéi der roude Léif an/oder d’Kontur vum Lëtzebuerger Land an/oder eventuell weider Symboler och  op deenen neien Drillicher bestoen?
  3. Besteet an den Ae vun der Madamm Minister net d’Gefor, datt d’Lëtzebuerger Arméi duerch d’Aféiere vum amerikanesche Multicam-Camouflage en Deel vun hirer Identitéit verléiert?

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: