Verkéiersproblemer zu Kielen

De Fred Keup freet beim Mobilitéitsminister iwwer d’Verkéiersproblematik zu Kielen no.

Fro:

Zu Kielen an Ëmgéigend hëlt den Autos- a Camionsverkéier, wéi op esou ville Plazen am Land, Joer fir Joer zou. Zu dëser fir vill Awunner an och Automobiliste problematescher Situatioun géif ech dem Här Minister gär eng Parti Froe stellen:

  • Wéi ass d’Evolutioun vum Verkéiersopkommes, wat den CR102 an den CR103 betrëfft, a ganz besonnesch fir d’Uertschafte Kielen, Keespelt an Ollem?
  • Zu Kielen ass geplangt, fir d’Staatsstrooss op engem klengen Deel an eng Zone 30 ze verwandelen. Fir wéini ass dëst virgesinn? Wéi eng Moossname kéinten hei nach virgesi ginn, fir de Verkéier ze berouegen?
  • Wéi steet den Här Minister aktuell zu engem Transitverbuet fir Camionen um CR102 an CR103 tëscht Mamer a Miersch?
  • Wéi gesäit d’Regierung aktuell de Bau vun enger Ëmgoungsstrooss an der Gemeng Kielen a ronderëm?

 

Äntwert:

Wéi ass d’Evolutioun vum Verkéiersopkommes, wat den CR102 an de CR103 betrëfft, a ganz besonnesch fir d’Uertschafte Kielen, Keespelt an Ollem ?

Bedéngt duerch d’Pandemie ass e Verglach iwwert déi läscht 2 bis 3 Jore relativ schwiereg. Trotzdeem ka festgehale ginn, datt sech den Stroosseverkéier an deene leschten 20 Joer generell verduebelt huet an iwwert déi lescht 10 Joer, wéinst dem nationale Wuesstem, konstant geklommen ass (mat engem Abroch wärend der Pandemie an de Joren 2020 an 2021).
Wat de Verkéier ob de genannte Stroossen ubelaangt, gëtt momentan eng Verkéierszielung duerchgefouert, dee vun der Gemeng Kielen beoptraagt ginn ass. Dës Verkéiersdate léie menge Servicer vun der Stroossebauverwaltung nach net fir, esou dat ech zur Entwécklung vum Verkéiersopkommes keng geziilt Aussoe kann treffen.

Zu Kielen ass geplangt, fir d’Staatsstrooss op engem klengen Deel an eng Zone 30 ze verwandelen. Fir wéini ass dëst virgesinn? Wéi eng Moossname kéinten hei nach vergesi ginn, fir de Verkéier ze berouegen?

D‘Gemeng Kielen huet am Joer 2015 verschidden Ufroe gemaach fir d’Ariichte vun enger Vitesse 30 op enger Rei Plazen inneruerts. Dës Ufroe sinn all vum zoustännegen Aarbechtsgrupp behandelt ginn a den 20. Februar 2017 hunn ech der Gemeng accordéiert, fir am Zentrum vu Kielen op enger Längt vu ronn 200 Meter d’Stroosse CR102 a CR103 am Sënn vun enger Vitesse 30 z’amenagéieren.

Wéi steet den Här Minister aktuell zu engem Transitverbuet fir Camionen um CR102 an CR103 tëscht Mamer a Miersch?

Esou en Transitverbuet géing d‘Camione mat dem Ziel Aktivitéitszone net betreffen, well et keng equivalent Emleedungsstrecke fir de Schwéierverkéier a Richtung Aktivitéitszone ginn. Dowéinst ass esou ee Verbuet an der Praxis net duerchzesetzen. D’Stroossengeometrie a der Uertschaft Kielen ass awer extrem ongënschteg fir de Schwéierverkéier, dofir mussen Alternative gesicht ginn, fir dësen aus der Uertschaft erauszehalen.

Wéi gesäit d’Regierung aktuell de Bau vun enger Ëmgoungsstrooss an der Gemeng Kielen a ronderem?

Den nationale Mobilitéitsplang 2035 (Plan national de mobilité PNM 2035), den ech am Abrëll 2022 virgestallt, kënnegt eng regional Verkéiersétude un. Dës soll fir de Raum tëscht den Autobunnen A6 an A7 souwéi de Nationalstroossen N8 an N55 eng koherent Gesamtléisung fannen, déi och de Schwéierverkéier vu Kielen ewechhält. Dës Analyse ass am Ablack nach amgaangen. Si ass och am dem Ëmfang a der Komplexitéit néideg, well een de Problem mat enger reng lokaler Approche mat grousser Warscheinlechkeet just vun enger Uertschaft an déi aner géif verlageren. Éischt konkret a regional koherent Léisungsvirschléi wäerten am éischte Joer vun der nächster Legislaturperiod um Dësch leien, an da vu mengem Nofollger mat de Gemenge kënne diskutéiert ginn.

 

 

Deel dëse Post: